Zweet Wochenhallschent: Vill Reen a stiermesche Wand bis hin zu Stuerm méiglech

D'Wanterwieder ass zwar fort, dofir gëtt d'Woch awer net manner interessant. An der zweeter Wochenhallschent ka sech esou munches doen a Saache Reen & Wand.

Stiermesch Wiederlag mat vill Reen méiglech

Wéi mir eis et de leschte Freide schonn kuerz zesummen ugekuckt hunn, geet an der zweeter Wochenhallschent d’Warscheinlechkeet vu stiermeschem Wand bis hin zu Stuerm an d’Luucht. Och de Reen soll dobäi eng Roll spillen. De Grond dofir ass ënnert anerem den Jetstream, deen sech direkt iwwer Mëtteleuropa leet.


Den Jetstream leet sech vum Donneschden un bis iwwert de Weekend iwwert eis | Grafik: wxcharts.com

De Wand

Déi ganz Woch iwwer wäert et spierbar méi lefteg sinn wéi an de leschte Wochen, wat allgemeng op d’Westwiederlag zréckzeféieren ass. An der zweeter Wochenhallschent soll en dann awer och mol däitlech méi spierbar ënnerwee sinn, am Fokus stinn den Donneschden a Freiden, deemno wéi och nach de Samsde selwer.


D’Berechnung vum amerikanesche Modell fir d’Wandvitessen e Freiden | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent fir den Donneschden mat engem Randdéif iwwert der Nordséi, wat eis däitlech méi spierbare Wand brénge géif. An de Spëtzte gëtt mat Vitesse vu bis ëm 60 km/h gerechent – e Wäert, deen fir d’Joreszäit zwar komplett normal ass, mee trotzdeem spierbar ass. E Freiden zitt e weidert Randdéif vun de britteschen Inselen hier iwwer d’Nordséi ewech, Lëtzebuerg geréit op e Neits an den Aflossberäich vun engem Wand-/ Stuermfeld. Am Laf vum spéidere Freidenomëtte wieren de momentane Berechnunge no Wandspëtzte vu 85 km/h méiglech, wat also per Definitioun engem Stuerm entsprécht. E Samsdemoie soll et nach lefteg bis stiermesch sinn. No enger klenger Berouegung am Dag soll et um Owend erëm méi lefteg ginn, Stuermstäerkt sollt awer net méi erreecht ginn.

Wat seet den europäesche Modell?

Den europäeschen ECMWF rechent och mat leftegem bis deels stiermeschem Wieder, wann awer manner “intensiv”. Fir den Donneschde rechent de Modell mat Spëtzte vu 60 km/h, fir de Freiden ass e mat 75 km/h dobäi. E Samsde soll et mat 55 km/h lefteg bleiwen, mee awer wäit ewech vu stiermesch.

De Reen

Den europäesche Modell rechent bis den Donneschden inclus mat tëscht 15 a punktuell 25 l/m² Reen. Vum Freiden op de Sonnde soll do awer nach e bëssen eppes dobäikommen, am Endeffekt gëtt mat akkumuléierte Quantitéite vun tëscht 30 a 50 l/m² gerechent – dat vun haut bis de Sonnden inclus. Den amerikanesche Modell GFS stëmmt dem Ganzen zou a gesäit fir de Westen esouguer d’Warscheinlechkeet vu 60 l/m².


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus, berechent vum europäesche Modell | Grafik: wxcharts.com

De meeschte Reen soll also vum Donneschden un optrieden an iwwerschneid sech mat der lefteger bis stiermescher Phas. Et soll also wierklech e gudden Tick méi ongemittlech ginn.

De Fazit

Natierlech ass dat lescht Wuert iwwert dës Entwécklunge net geschwat. Well se awer schonn zanter der leschter Woch esou änlech berechent ginn, besteet elo schonn eng gewëss Warscheinlechkeet, dass se optriede kënnen. Météo Boulaide hält dat Ganzt natierlech fir Iech am Aen.