Zweet Wochenhallschent: Vill Sonn, iwwer 35 Grad an ze dréchen

Et ass Mëttwoch – Zäit eis d’Aussiichte fir déi nächst Deeg méi genee unzekucken. Een Tipp scho mol direkt: Sonnecrème an och soss Sonneschutz net vergiessen!

Héichsummerlech Aussiichten

Nodeems de Summer bisewell éischter variabel ausgefall ass a mir et, wann iwwerhaapt, nëmme kuerz mat méi waarmen Deeg ze dinn hate, gëtt et elo méi laang waarm zu Lëtzebuerg. Zustane kënnt dëst duerch meeschtens héije Loftdrock iwwert dem mëtteleuropäesche Kontinent an Déifdrockgebitter mat hire Kären iwwert dem Atlantik, déi eis waarm Loftmassen aus Südwesteuropa an dem Mëttelmierraum an eis Géigende pompelen.

De Mëttwoch erwaart eis e frëndlechen Dag mat vill Sonn. No kille Wäerter vun tëscht 4 an 8 Grad a soss tëscht 11 an 13 Grad ginn am Nomëtten agréabel 22 bis 27 Grad areecht. E liicht spierbare Wand bléist eis aus Westen ëm d’Oueren. Et zéie, wann iwwerhaapt, just e puer dekorativ Wolleken iwwert den Himmel. Och den Donneschde gëtt en zimmlech sonnegen Dag, no 14 bis 16 Grad an de Moiesstonnen ass am Nomëtte mat 26 bis héichsummerlechen 31 Grad ze rechnen. De Wand ass weiderhi liicht aus Ost-Nordosten ze spieren.

Video vum 28. Juli 2020

Et geet a Richtung 40 Grad

Enn der Woch areechen eis aus dem Süden a Südwesten tropesch Loftmassen – de Grond, firwat de Freide mat grousser Sécherheet de wäermsten Dag vun der Woch wäert ginn. No mëllen 18 bis 20 Grad an de Fréistonne sollen d’Wäerter am Virmëtte schon am Beräich vun tëscht 26 an 28 Grad ukommen. Am Nomëtte gëtt de Maximum mat 33 bis 39 Grad erwaart, de Wand suergt dobäi duerch liicht Wandstéiss bis 30 km/h fir eng kleng Ofkillung. An der Nuecht op de Samsde wäerten e puer Wolleken opzéien, Tropenuechte si méiglech (Temperatur geet net op ënner 20 Grad zréck).

De Samsden an um Sonnde besteet de momentane Modellrechnunge no (Stand 29.07.2020 – 04:10 Auer) eng kleng Warscheinlechkeet vu lokale Schliet a Form vun enger Schauer oder och mol engem Donnerwieder. Vill Reen schéngt awer net um Programm ze stoen: den amerikanesche Modell GFS rechent bis de Sonnde mat grad emol 0 bis 2 l/m², den europäesche Modell ass och mat héchstens 2 l/m² dobäi. D’Dréchent verschäerf sech. Wa Dir am Fräie sidd, da gehäit w.e.g keng Géigestänn an d’Natur, déi Bränn veruersaache kéinten.