Zweet Wochenhalschend rëm ëm déi 30 Grad

De Summer kënnt zréck op Lëtzebuerg, obwuel en jo eigentlech guer nët fort war. Ët ass just vir eng Zäitchen méi kill ginn, nodeems mir Rekordtemperaturen hei am Land gemooss hunn. Ët ass am Moment iwwrëgens nachëmmer op enger Rei Plaatzen ze drëchen.

Summerlech bis héichsummerlëch Werter méigleg

Dëse klengen Stouss vu waarme Loftmassen an eis Géigenden sollt sëch awer nët, sou wéi déi leschte Kéier, als Hëtztwell entpuppen. Ët gëtt just méi waarem am dobäi wieren dann och lokal Werter vun iwwer 30 Grad méigleg.

De Mëttwoch ass ët gréisstendeels nëmme liicht wolléckeg bis kloer. Scho moies wärten d’Temperaturen zwëschen 13 an 20 Grad leien ier se am Laaf vum Nomëtten 25 bis 30 Grad ereechen. Den Donnëschden kéint ët souguer mat Temperaturen vu knapp iwwer 30 Grad héichsummerlëch ginn.

Vum Freiden un an och de Weekend inklusiv bleift d’Hëtzt zu Lëtzebuerg. D’Temperaturen ereechen Werter vun ëm déi 30 Grad. Virun allem an der Nuecht op de Freiden an och um Freiden selwer besteht e klenge Risk vun Donnerwiederen. An der neier Woch sollt ët mat den Temperaturen awer schon rëm bëssen zréck goen.