Aktualiséiert: 01. Mee 2024 um 15:30 Auer

Do, 02.05
Fr, 03.05
Sa, 04.05
12° bis 18°C
11° bis 14°C
12° bis 17°C
10° bis 12°C
5° bis 9°C
3° bis 6°C
15 km/h WSW
15 km/h WSW
15 km/h SSO
Max.: 35 km/h WSW
Max.: 40 km/h WSW
Max.: 35 km/h SSO

Advertisement

Nächst dräi Deeg am Détail

Prognos fir den Donneschden, 02. Mee 2024

Résumé

Et läit en Déif iwwert eise Käpp, wat eis ëmmer erëm méi kräfteg Schliet ka bréngen – inklusiv Blëtz an Donner. Ob dat groussflächeg geschitt oder op lokaler Basis, muss ofgewaart ginn.

12° bis 18°C

15 km/h 35 km/h WSW

3 – 15 l/m²

80 %

Den Détail

Den Donneschdemoien ass et schonn zimmlech bedeckt, d’Temperature leien tëscht 10 an 12 Grad. Lokal si schonn déi éischt Schauere net ausgeschloss, d’Warscheinlechkeet fänkt awer virun allem vum Virmëtten un un, an d’Luucht ze goen. D’Temperature klammen op tëscht 13 a 16 Grad erop. Ëmmer erëm ass mat Schliet ze rechnen, déi punktuell och méi kräfteg kënnen ausfalen. Mëttes an am Nomëtte bleift dat weiderhin de Fall, och Donnerwieder kënnen drënner sinn. Um fréie Mëtte ginn tëscht 12 an 18 Grad erreecht, ier et fir de Nomëtte schonn erëm zréckgeet. A Richtung spéidere Nomëtten an Owend sollt sech d’Aktivitéit/de Risk lues a lues aus eisem Land erausbeweegen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 9 Grad zréck, déi lescht Nidderschléi beweege sech aus eisem Land eraus.

All Ugaben ouni Garantie.