Mëttwoch: Gréisser Knëppelsteng a Frankräich méiglech, a bei eis?

Gréisser Deeler vu Mëtteleuropa leie vun haut un ënner instabilen a fiichtwaarme Loftmassen – kee Wonner also, dass et och plazeweis wäert kraachen. Hei ass e frëschen Update fir eis Noperen & och fir eis heiheem.

Advertisement

Staarkreen a Knëppelsteng am Fokus

Ouni op ganz genee Regiounen anzegoen, besteet vun haut un iwwer Deeler vu Frankräich, BeNeLux an och Däitschland de Risk vu punktuellen méi zolitten Donnerwieder mat Staarkreen a Knëppelsteng – all dat duerch eng Déifdrockzon. Dat tückescht dorun: Et kënnt drop un, wou genee d’Käre vun de klengen Déifer wéini wäerte leien, fir ze soen, ob et Regioun “X” tatsächlech trëfft. E gréissere Korridor ass awer op alle Fall auszemaachen.

Haut um Dënschden hu mir schonn vum spéidere Nomëtte bis an d’Nuecht eran e Risiko, deen vu Frankräich aus bis an d’Belsch era verleeft. Dëse geet also knapp westlech un eis laanscht, mee esou ganz null ass de Risk trotzdeem net zu Lëtzebuerg. Sollt sech eppes an eis Géigende verlafen, da gitt Dir fréizäiteg driwwer informéiert.

Am Donnerwieder-Outlook vun haut ass dës Regioun gekennzeechent.

Mëttwoch, 01.05.2024

Muer gesäit et besonnesch iwwert dem nërdleche Frankräich no engem Dag mat Onwiederpotenzial aus. Duerch eng zouhuelend Ännerung vu Wandrichtung-/ a Vitesse mat der Héicht am Laf vum Nomëtten, déi sech mat héijen Energiewäerter an enger schmeierer Loftmass iwwerschneid, kënne punktuell zolitt Donnerwieder mat Stuermstéiss optrieden. Am Fokus si massive Staarkreen, mee awer och gréisser Knëppelsteng. Ënnert de kräftegsten Zelle wiere Gréisste vun ëm 4 cm am Duerchmiesser net ganz ausgeschloss. Betraff ass viraussiichtlech e Beräich vum mëttleren Oste vu Frankräich bis esouguer op Paräis a fläit esouguer op Calais oder an d’Belsch eran.


Dat ongeféiert Risiko-Gebitt fir e Mëttwoch | Stand: 30.04.2024

Dëse “System” aus Donnerwiederzellen géif sech also haaptsächlech ausserhalb vu Lëtzebuerg, also südlech vun eis, befannen. Et ginn awer erëm eenzel Modeller, déi et net wëllen ausschléissen, dass iergendwann am Laf vum Owend eppes kann an eis Géigende gewandert kommen. Aus dësem Grond ass d’Wiederlag also och fir eis am Aen ze halen, och wa mir, wann iwwerhaapt, um Rand matspillen.

Donneschden, 02.05.2024

En Donneschde wandert d’Area of Interest méi no an eis Géigenden. Dës Kéier betraff ass wuel e Beräich vu Bayern iwwer Baden-Württemberg bis ganz an de Weste vun Däitschland an domat och BeNeLux eran. Et besteet de Risk vu Staarkreen an och mol stiermesche Wandstéiss. Well d’Loftmasse net méi grad esou instabil sinn, ass de Risk vu signifikante Knëppelsteng méi kleng. Kärgréisste bis ëm 2 cm sinn awer trotzdeem mol nach lokal méiglech.

Och hei stellt sech erëm d’Fro, wéi genee de Kär vum Déif wäert positionéiert sinn. Zitt et e bësse méi südlech, da kritt Lëtzebuerg eppes mat. Zitt et méi wäit nërdlech, dann geet et nërdlech laanscht. Dat ass eben d’Saach, wann d’Land esou kleng ass.