Radio 100,7: Fale mir an dat aalt Muster zréck?

Fir déi éischt Flacke war et de Weekend bei eis jo esou just net duergaangen. Erwaarden eis elo nach Chancen, oder geet et erëm an eng ganz aner Richtung? Dëst a méi hunn ech de Moien um Radio 100,7 thematiséiert.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 21.11.2022:

De Weekend war en immens killen – et kéint ee mengen, d’Wanterwieder géif sech gläich bei eis duerchsetzen. Ass dat elo ee bestännegen Trend fir déi nächst Zäit oder musse mir awer nach e bësse Gedold hunn? De Philippe Ernzer wees méi doriwwer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

An der Belsch an och an Däitschland ass de Weekend den éischte Schnéi vun der Saison erofkomm.

Genee, an ugefaangen huet dat alles mat enger Loftmassegrenz, déi sech vun Enn der Woch iwwert dem nërdlechen a nordëstlechen Däitschland forméiert haat. Genee un der Grenz, wou kill a méi mëll Loftmassen zesummentreffen, entwéckle sech erzwongenermoossen Nidderschléi. Un der mëller Säit vun der Loftmassegrenz fällt meeschtens Reen, iwwerdeems genee dotëscht esouwéi och op der killer Säit ëmmer méi vu Schnéireen an esouguer vu Schnéi geschwat gëtt.

Am Endeffekt huet et op enger ganzer Rëtsch Plazen an Däitschland geschneit, dat esouguer bis an d’Südhallschent vum Land eran.

Wéi mir et an de leschten Emissioune beschwat hunn, waren d’Chancen op déi éischt Flacken jo net grad net existent.

Déi waren definitiv do, mee d’Loftmassegrenz ass leider net grad esouwäit a Richtung BeNeLux eragezunn wéi et verschidde Modeller berechent hunn. Mir sinn ëmmer nach gréisstendeels op der vergläichsweis mëller Säit dovu bliwwen, wat dozou gefouert huet, dass et bei eis éischter net dofir duergaangen ass – op mannst gouf et keng Meldungen driwwer. Meldungen a Videoe gouf et awer aus der Äifel, direkt un der Grenz zu Däitschland op der belscher Säit – och do huet et déi éischt Kéier fir dës Saison geschneit.

Mir mierken, de Schnéi war net wierklech wäit vun eis fort an a meteorologesche Verhältnisser war et och just e Kazesprong

Falen demnächst weider Chancen fir Flacken an eise Géigenden un, oder war dat alles just vu kuerzer Dauer?

Also egal ob mir elo vun der Belsch oder Däitschland schwätzen: de Schnéi, dee gefall ass, ass elo wuertwiertlech erëm Schnéi vu gëschter. Bei eis heiheem gëtt et zwar nach den een oder anere Modell, deen heiansdo mol e puer Flacke muer am Virmëtte berechent, mee och dat soll een änlech klassifizéiere wéi dat, wat fir gëschter berechent gouf.


Et gëtt erëm e bësse méi mëll | Grafik: wxcharts.com

Wa mir méi wäit an d’Zukunft kucken, da fällt op, dass d’Wiedermodeller erëm ëmmer méi op eng südwestlech Stréimung sprangen. Dat bedeit, dass mir duerch d’Déifdrockaktivitéit iwwert dem Atlantik & och iwwert de britteschen Inselen no a no erëm Stéiss u méi mëlle Loftmassen aus Spuenien & dem Mëttelmierraum ze erwaarden hunn. Fir een, deen gäre Wanterwieder hätt, sinn dat definitiv schlecht Norichten. Dem momentanen Trend no soll et nach bis Enn November/Ufanks Dezember esou virugoen, ier d’Wiedermodeller erëm e groussen Duercherneen esou vun den éischten Dezember-Deeg un op eis duerkomme gesinn. Domat ass gemengt, dass d’Berechnungen ënnert sech erëm immens wäit auserneen ginn.

Fir de Rescht vun dësem Mount heescht et also, dass et erëm tendenziell méi mëll gëtt. Och de Reen ass weiderhi mat dobäi, mee vun de Quantitéiten hier sinn elo keng weltbeweegend Zommen ze erwaarden.

Kucke mir nach séier op de Verlaf vun dëser Woch, wéi solle mir eis kleeden?

Déi ganz Woch iwwer hu mir jo d’Zentren vun Déifdrockgebitter westlech vun eis iwwert dem Atlantik & och iwwert de britteschen Insele leien. Nëmmen heiansdo ginn et Phasen, wou héije Loftdrock dotëschtfunke kann, wouduerch iwwer d’Woch verdeelt en éischter variabelt Bild entstoe wäert.

Haut um Méinde gëtt et vum Nomëtten un tendenziell ëmmer méi naass, d’Temperture packen et op 5 bis 9 Grad. Muer si mir mat 5 bis 8 Grad dobäi, am Laf vum Dag hu mir aus Westen erëm Reen ze erwaarden, deen sech iwwert dem Gros vum Land verdeelt. De Mëttwoch geet et, änlech wéi un den aneren Deeg, mat Wolleken & Niwwelfelder un, ier am Nomëtten op ee Neits eng Front mat flächendeckendem Reen duerchzitt – dat bei 5 bis 9 Grad ëmmer nach. Den Donneschde gerode mir ënner liichten Héichdrockafloss: léist sech de Niwwel also op, da kréie mir et mat méi frëndlechen a sonnege Momenter ze dinn. 7 bis 10 Grad stinn un.

Den éischten, experimentelle Bléck op de Weekend verréit eis, dass et mam liichten Héichdrockafloss virugoe soll. Léist sech de Niwwel op, dann erwaart eis e Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature pendle sech un dësen Deeg dagsiwwer bei tëscht 7 an 10 Grad an.


Déi nächst Geleeënheet op fréiwanterlecht Wieder fanne mir dann éischter net méi an dësem Mount – mir musse nach e bësse Gedold weisen. Merci Philippe Ernzer fir d’Aussiichten a bis de Freiden.