Ausbléck: D’Nidderschlagsquantitéite bis Enn der Woch

Haut um Mëttwoch kënnt et nach heiansdo zu Nidderschléi, ier eng kuerz Paus antriede wäert. Vum Freidenowend u gëtt et schonn erëm méi ongemittlech.

D’Nidderschlagsquantitéiten

Nom Dag vun haut, de Mëttwoch, leie mir op de meeschte Plaze vum Land bei akkumuléierte Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 0,7 an 3 l/m. Duerch e Nidderschlagsgebitt, wat eis de Moie gesträift huet, ass de meeschte Nidderschlag bis elo am äusserste Norden erofkomm/resp. kënnt bis an de spéideren Owend eran am äusserste Norden erof. De Modeller no goufen do uewe fir haut schonn bis zu 7 l/m² gerechent.


De Nidderschlagsfilm bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Um Donneschden an och um Freide setzt erem eng méi dréche Phas an, dagsiwwer wiessle sech Sonn a Wolleken of. D’Temperature klammen um Donneschden op 3 bis 7 Grad, um Freide sinn duerch d’Zoufuer vu kuerzzäiteg méi mëlle Loftmasse Wäerter vun tëscht 11 a 17 Grad ze erwaarden. Et bleift dagsiwwer nach gréisstendeels dréchen, vum Owend un eréischt kënnt neie Reen am Land un. Dëst misst ongeféier vu 19/20 Auer un de Fall sinn. Vun do uns bis de Sonnden inclus gëtt et ëmmer erëm naass, dem amerikanesche Wiedermodell GFS no solle bis dohin tëscht 14 an 20 l/m² dobäikommen. Den europäeschen ECMWF rechent bis dohi mat Quantitéite vun tëscht 17 an 30 l/m² am ganze Land, besonnesch laanscht den äusserste Nordwesten a Norde kënnen och mol iwwer 30 l/m² dobäi sinn.

Den däitschen ICON mécht e gréisseren Ënnerscheed a gesäit tëscht 35 a 50 l/m² op eis duerkommen, haaptsächlech de Sonnde soll an d’Waasser falen.

De Fazit ass also deen, dass duerchschnëttlech gesinn bis de Sonnden inclus tëscht 22 an 33 l/m² erofkomme sollen.