Den éischte Schnéi vun der Saison: De Fuerplang

Haut ass den Dag do: den éischte Schnéi vun der Saison ass ze erwaarden. An dësem Artikel fannt Dir de Verlaf dozou.

Et ass ëmmer den Highlight vum Joer: den éischte Schnéi vun der neier wanterlecher Saison. Haut um Freiden, 26. November 2021 ass et dann erëm souwäit.

Nodeems gëschter um Donneschden déi dofir néideg kill Loftmassen an der Héicht eragefloss koume, gëtt et haut am Laf méi konkret. Iwwert der Nordséi läit en Déifdrockgebitt, wat sech lues a Richtung Süde beweegt. Duerch dës Beweegung geréit d’Kalfront vun dësem Déif an eis Géigenden a soumat och op déi kill Loftmassen, déi jo schonn zanter gëschter bei eis sinn. Esou klëmmt iwwerall am Land d’Chance op Schnéiflacken, woubäi een awer soe muss, dass dëst nach net de grousse Wanterabroch gëtt. Et ass méi e klengen Hauch vu Wanter, well dës Situatioun net nohalteg wäert sinn.


De Verlaf vun dësem Weekend, un deem eis den éischte Schnéi vun der Saison erwaart | Animatioun: wxcharts.com

Wéi d’Wiedermodeller et gesinn, erreecht eis d’Kalfront am Laf vum spéidere Nomëtten. Tëscht 16 an 18 Auer soll dat de Fall sinn, ier se sech an de Stonnen drop dann iwwert dem ganze Land ausbreet. Ugoe wàert et fir d’éischt mol am äusserste Nordweste vum Land, wou déi éischt Flacken ënnert dem Reen erofkomme kënnen. Duerno dann, am weidere Verlaf vum Owend, hëlt de Gehalt u Schnéiflacken an de Nidderschléi ëmmer méi zou – am Norde schneit et also gréisstendeels. Och an der Südhallschent ass vum Owend un bis an d’Nuecht era mat Schnéischaueren ze rechnen, mee besonnesch op ënner 300 bis 350 Meter wäert ëmmer erëm Reen ënnert dem Schnéi sinn. Et gi mat Sécherheet och Plaze, wou net vill vu Schnéi wäert ze gesi sinn. An der zweeter Nuetshallschent léisst de Nidderschlag kuerz no.

Mam Ukomme vun der Kalfront ginn d’Temperaturen am Nordwesten op 0 Grad zréck, spéiderhin och op ville Plazen am Südosten. Ass de Buedem kill genuch, da bleift dëse Schnéi och mol leien. Wat d’Schnéiquantitéiten ugeet, sinn duerchschnëttlech tëscht 1,75 a 6,5 cm ze erwaarden. Op iwwer 400 Meter am Norde kann ee wuel mat 2 bis 5 cm rechnen, vu 500 Meter un ass och eppes driwwer méiglech. Am Süde kann et och mol wäiss ginn, dat awer ëmmer nach am warscheinlechsten op den héchste Plazen. Generell kann een d’Schnéihéichten tëscht 1 an 3 cm agrenzen, alles wat nach méi nidderëg läit kritt entweder näischt oder just en dënne Flom bis hin zu 2 cm ze gesinn.

Iwwert de Weekend, also bis de Sonnde mat, kënnt et bei Temperaturen, déi am ganze Land ronderëmt de Gefréierpunkt leien, ëmmer erëm zu e puer Schnéireen- a Schnéischaueren. Dotëscht ginn et och mol gréisser Pausen, wou de Schnéi schonn ufänkt, lues ze verschwannen. Mat de Nidderschléi awer, déi tëschenduerch erofkommen, kënnt dat Ganzt méi oder manner an ee Gläichgewiicht wat heescht, dass déi am Abschnitt hei driwwer genannt Schnéihéichten fir de ganze Weekend iwwer eng Riichtlinn wäerte sinn. Egal ob de Schnéi leie bleift oder net: glat Stroosse ginn iwwerall en Thema, wat ee net ënnerschätze sollt.

Wéi Dir mierkt, eis steet keng grouss Saach un. De Wanter seet just kuerz Moien, de Schnéi bleift keng Woche laang bei eis leien – trotz e puer weidere Schnéischaueren, déi och um Méinde nach méiglech sinn.