Late Night Update: Stuermdéif LUIS bréngt Knëppelsteng a Risk vu Wiederen

D’Stuermdéif LUIS wäert haut um Samsden iwwert eis ewechzéien. Dëst ass en UPDATE iwwert de Verlaf vum Dag, Stand 13.03.2021 – 02:50

Net aussergewéinlech, mee net ze vernoléissegen

D’Stuermdéif LUIS wäert kee Stuerm sinn, deen aussergewéinlech ass – an awer sollt een déi ganz Entwécklung net op déi liicht Schëller huelen.

Déi nei Modellleef rechne fir de fréie Samsdemoien eng markant Kalfront, déi iwwer Lëtzebuerg ewechzéie wäert. Den Zäitpunkt ass op ongeféier tëscht 08:30 an 11:30 anzegrenzen. Ier et esouwäit ass, wäerte mir et fir d’éischt mat engem zouhuelende Wand ze dinn hunn. Schonn virun der genannter Zäit si Spëtzte vun tëscht 50 a 70 km/h warscheinlech. Wat mir dem genannten Zäitraum méi no komme, wat och de Wand ëmmer méi séier zouhëlt.

Gefor vu vertikalem Impulstransport

Ronderëmt 08:30/09:00 Auer sollt d’Front lues awer sécher aus Westen an d’Land eragezu kommen. Wärend dem Passage ass mat deels méi zolittem Reen ze rechnen, och eenzel méi kräfteg Zellen mat Knëppelsteng an och dem engen oder aneren Donnerwieder kënne net ausgeschloss ginn. Et ass mat Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h ze rechnen. Am Beräich vun engem méi staarke Frontesegment/enger méi staarker Schauer-/Wiederzell ass den Zenario vun engem vertikalen Impulstransport (Héichtewand gëtt bis op de Buedem erofgemëscht) net onméiglech. Am Fall vun dësem Zenario wiere schwéier Stuermstéiss vu bis zu 105 km/h méiglech, jee no Intensitéit liicht driwwer. Dëst ass awer méi als Ausnam unzegesinn. Flächendeckend gëllen déi genannt 70 bis 90 km/h.


Eng Kalfront a weider nofolgend Schauerlinne suerge fir Stuerm um Samsden | Animatioun: wxcharts.com

D’Kalfront sollt de Modellkaarte no kuerz virun der Mëttesstonn duerch sinn – eriwwer ass et dann awer nach net. Wéi den héichopgeléisten AROME simuléiert, solle sech och nach hannert der Kalfront a labile Loftmassen eenzel Schauerlinne forméieren. Wärend dëse Schauerlinne kann et op ee Neits zu Stuermstéiss an deemno wéi schwéiere Stuermstéiss kommen – eenzel Wiederen a Knëppelsteng mat abegraff. Op de Koppen am Norden, sou ab 400/450 Meter, sinn och Flacken am Reen méiglech. Méi wäit uewe sinn eenzel Schnéischauere net onméiglech.

Eréischt am spéidere Verlaf vum Owend leet sech de Wand definitiv. D’Wiederwarnunge sollten dann erëm opgehuewe ginn.