Geschwënn erëm 20°C! Ännerung vum Weekend un

En Enn vun der momentaner, ënnerduerchschnëttlech killer Phas ass a Siicht! Vum Weekend u schaffe sech d’Temperaturen erëm a Richtung 20°C.

Advertisement

D’Situatioun

Haut um Mëttwoch erreecht eis mol nach de leschte Schwall u kille Loftmassen, dat duerch en Déif wat vun der Nordséi hier an Däitschland eragezu kënnt. Op senger Récksäit komme kill, mee och fiicht Loftmassen eragezunn. Mat engem Déif, wat vum Nordatlantik hier ugezapt gëtt, gëtt muer um Donneschden awer lues a lues déi laang erhofft Ännerung an d’Spill:


Esou soll d’Ëmstellung vun der Wiederlag viraussiichtlech stattfannen | Animatioun: wxcharts.com

Bis e Freide wäert sech dat Déif iwwert de Südweste vun Däitschland verlageren an esou dofir suergen, dass eis Stréimung vu Nordwest op Südwest/Süd dréint. Doduerch gëtt och de Rescht vun der Déifdrockaktivitéit an eise Géigende méi wäit a Richtung Nordwesten verdrängt. Et ass ze erwaarden, dass mir et ronderëmt den Dënschden wuel mat enger typescher Situatioun aus héijem Loftdrock iwwer Osteuropa ze dinn hunn, iwwerdeems déiwe Loftdrock um Atlantik läit.

D’Temperature schaffe sech erëm erop

Domat gesot, ass ze erwaarden, dass eis Temperature wuel geschwënn erëm normal Wäerter fir d’Joreszäit erreechen – wat awer net grad vun haut op muer geschitt. Fänke mir awer beim Freiden un, fir deen tëscht 9 an 13°C berechent ginn. Weider biergop geet et e Samsden, 15 bis 18°C stinn um Programm. Fir e Sonnde wiere mir mat 14 bis 17°C dobäi.

Och an der neier Wiederwoch kriite mir et mat däitlech méi héijen Temperaturen ze dinn. Déi nächst Sätz sinn awer nach méi an engem méi onséchere Beräich, dohier eng Moment-Opnam: Nodeems e Méinde bis ëm 16°C sollen erreecht ginn, kéint et en Dënschden erëm fir 19 bis 23°C duergoen. Fir e Mëttwoch gesinn eenzel Modeller d’Warscheinlechkeet fir 25°C, mee dat soll ee nach, wéi gesot, mat Virsiicht genéissen.

Nidderschlagstechnesch gëtt et zwar nach näischt konkretes vun de Modeller, an awer sollt een wärend dem Ganzen och zäitweis mat Schliet oder och eenzelnen Donnerwieder rechnen.