Neien Europa-Rekord: Knëppelsteen vu 19 cm am Duerchmiesser an Italien gemooss

Wärend den zolitten Onwieder iwwer Italien ass gëschter Owend den zweetgréisste bis ewell gemoossene Knëppelsteen vun der Welt erofkomm.

Titelbild: Marilena Tonin (lénks), @Alpenweerman (riets, Twitter)

Advertisement

Knëppelsteen méi grouss wéi en Handball

Gëschter Owend, 24. Juli 2023 géint 23:00 Auer, ass en immens zolitt Donnerwieder mat grousse Knëppelsteng iwwer Azzano Decimo am Nordoste vun Italien ewechgezunn. No opwänneger Auswäertung vu Meldungen duerch Fotoen, Videoen a soss Medien hunn d’Spezialisten vun der European Severe Weather Database (ESWD) e risege Knëppelsteen vu 19 cm confirméiert – dat ass e bësse méi grouss wéi en Handball! Dobäi muss een och bedenken, dass Knëppelsteng mat grousse Vitesse vun iwwer 100 km/h vum Himmel gefall kommen. An dësem Extreemfall hei waren et also en déidlecht Geschoss. Schonn an de leschten Deeg sinn vill doudeg Vullen duerch déi grouss Knëppelsteng fonnt ginn.

Zur Info um Rand: De 19. Juli 2023 war eréischt e Rekord fir de gréissten europäesche Knëppelsteen opgestallt ginn – e war 16 cm grouss a koum zu Carmignano di Brenta erof. Gehal huet dësen also ganz 5 Deeg, ier de Rekord bei wäitem iwwertraff gouf.

Nëmmen 1,3 cm vum Weltrekord ewech

Dëse Knëppelsteen läit nëmmen 1,3 cm vum Weltrekord ewech. De bis ewell gréissten dokumentéierte Knëppelsteen gouf et den 23. Juli 2010 zu Vivian am US-Bundesstaat South Dakota mat engem Duerchmiesser vun 20,3 cm. Wéi d’ESWD schreift, huet op ganz Europa bezunn d’Fréquenz vun immens grousse Knëppelsteng iwwert dem Nordoste vun Italien am meeschten zougeholl.