Update: Bis e Mëttwoch inclus virun allem am Westen ëm 50 l/m² méiglech

Wéi zanter dem 29. Dezember thematiséiert, komme mir elo an déi ugekënnegt naass Phas. An de nächste 48 Stonnen ass mat immens vill Reen ze rechnen, d’Thema Héichwaasser gëtt och relevant.

D’Situatioun

Nach ass et zimmlech roueg dobaussen, mee dat wäert sech an de nächste Stonnen änneren. An der Nuecht op muer, en Dënschden, wandert en Déifdrockgebitt mat sengem Kär vun de britteschen Inselen aus op d’Nordséi. Duerch dës Beweegung gëtt groussflächegen a markante Reen op Lëtzebuerg gelenkt. Hannert dësem Déif zitt e weidert Déif en änleche Lafwee, just e bësse méi wäit südlech – dëst bedeit eng weider Luedung Dauerreen fir Lëtzebuerg, duerch déi akkumuléiert gesinn warnrelevant Zomme kënnen optrieden.


Den akkumuléierte Reen bis en Donneschden inclus laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Och hannert dëser Front wäert et viru reenen, just méi a Form vu Schaueren. Dës kënnen awer ëmmer nach kräfteg ausfalen, esoudass vun elo bis an d’Nuecht op den Donneschden uerdentlech eppes u Waasser zesummekënnt.

D’Reenzommen fir en Dënschden wärend 24h:

  • SHD: 20 – 40 l/m²
  • ICON-D2: 18 – 41 l/m²
  • SwissHD (Kachelmannwetter): 19 – 50 l/m²
  • Swiss MRF (Kachelmannwetter): 17 – 43 l/m²
  • ECMWF: 25 – 42 l/m²
  • GFS: 19 – 40 l/m²
  • UKMO: 25 – 55 l/m²
  • UKMO UK: 15 – 63 l/m²

Moyenne: 19,75 – 46,75 l/m²

D’Reenzommen bis e Mëttwoch inclus:

  • SHD: 20 – 40 l/m²
  • SwissHD (Kachelmannwetter): 19 – 50 l/m²
  • Swiss MRF (Kachelmannwetter): 17 – 43 l/m²
  • ECMWF: 25 – 42 l/m²
  • GFS: 19 – 40 l/m²
  • ICON-EU: 25 – 55 l/m²

Moyenne: 22,1 – 55 l/m²

D’Aussiichten an Auswierkungen

En Donneschde kann et mol nach e bësse reenen, mee bis e Weekend sollt et dann duerch liichten Héichdrockafloss liicht méi dréche ginn. Trotzdeem wäert de Reen, deen bis dohi gefall ass, ëmmer nach Relevanz hunn. Op deene Plazen, déi ëmmer séier iwwerschwemmt sinn, soll een Virbereedungen treffen. Informatiounen iwwer Peegelen etc. fannt Dir ënner inondations.lu