Sensatioun: Existenz vu Chemtrails konnt nogewise ginn

Sougenannt “Verschwörungstheorien” sinn am Internet wäit verbreet. Eng vun de verbreetsten ass déi vun de Chemtrails, déi vun haut un nët méi als Verschwörung gëllt.

Wiederdaten confirméieren Existenz vu gëftëge Kondenssträifen

Jiddereen kennt se: Déi wäiss Sträifen, déi d’Fligeren hannert sëch zéien. Waat awer nëmme no enger harmloser Kondensatioun vu Waasserdamp ausgesäit, ass a Wierklëchkeet eppes ganz aneschters. Am leschte Joer ware gutt dräi mol esouvill Fligeren iwwert eise Käpp ënnerwee, waat een der Trackingsäit Flightradar24 enthuele kann. Nom analyséiere vun de Wiederdaten aus dem Joer 2017 huet sëch erausgestallt, dass d’Sträifen um Himmel tatsächlëch aus gëftëge Stoffer wéi ënnert anerem Aluminium, Barium, Mangan, Cadmium, Néckel an Antimon bestinn. Registréiert goufen dës op lëtzebuergësche Felder, queesch uechtert Land.

Nët nëmmen am Agarwiesen si Spueren ze fannen, mee och an eiser Haaptstad. Bei der leschter Botz vun der Gëlle Fra, am Juli d’lescht Joer, gouf méi Dreck wéi soss un der Surface fonnt. Arbëchter no gouf nët nëmme festgestallt, dass d’Monument méi knaschtëg war wéi d’Joer virdrunner, mee och, dass hinnen dronkëch ginn ass, wa si der beléifter Touristenattraktioun méi no komm sinn.

De Kevin Schantall virum Sockel vun der Gëlle Fra am Summer 2017, kuerz no der sensationeller Découverte. Schon 20 Joer laang ass heen am professionelle Monumentbotz-Business vertrueden.

Aus sëcherer Quell gouf Météo Boulaide matgedeelt, dass d’Chemikalien virun allem dann gesprutzt ginn, wa gutt Wieder ass. D’Gëlle Fra wier da gutt aus dem Cockpit ze gesinn a géif als Orientatiounspunkt déngen. Duerch d’Reflexioun vum Sonneliicht wëssen d’Piloten, wou se ufänke mussen, ze sprutzen, vir effektiv Resultater virweisen ze kënnen.

Waat mat de Schëllëge geschitt, ass nach onkloer. Se gi muer, um 2. Abrëll gehéiert. Réicht duerno gëtt bekannt, wéi ët viru geet. De Moment laafe nach intensiv Ënnersichungen dozou, wéi laang Lëtzebuerg tatsächlëch scho vu Chemtrails betraff ass. D’Resultater kommen nach haut am Laaf vum Owend.