De Wochenausbléck: Méi waarm & zäitweis stramme Wand

Eng nei Wiederwoch brécht un – an dës gëtt definitiv manner wanterlech.

Grousswiederlag

Eis Grousswiederlag stellt sech ëm: mir hunn et net méi mat enger gréisstendeels roueger nordwestlecher bis nordëstlecher Stréimung ze dinn, mee et dréint erëm alles méi op Westen. Mir geroden also ënnert eng Westwiederlag: typesch fir esou Lagen ass, dass et méi mëll a méi fiicht gëtt – an d’Warscheinlechkeet vu leftege bis stiermeschen Zenarien geet an d’Luucht. Zäitweis kann et wuel nach op de Koppen zu eenzelne Flacke kommen, mee am allgemengen stinn d’Chancen op eng Schnéicouche net gutt.

Um Méinde si mir mat ville Wolleken & och Niwwelfelder an déi nei Woch eragestart, zäitweis war et och naass. D’Temperaturen hunn et op e Maximum vu 0 bis 4 Grad gepackt. An de nächsten Deeg wäerten dës Wäerter erëm getoppt ginn. Muer um Dënschde bleift den Himmel gréisstendeels zou, dobäi ass ëmmer erëm mat enger Schauer ze rechnen. Mat Maximaltemperature vun 2 bis 5 Grad gëtt et nach ee Stéckche méi mëll – de Schnéi schmëlzt weider. En éischte richtege Peak vun de méi mëllen Temperaturen steet eis um Mëttwoch an d’Haus: tëscht 8 an 10 Grad sollen dagsiwwer areecht ginn. Iwwerdeems bleift d’Luucht gréisstendeels zou an et bleift och gréisstendeels dréchen.

Och mol lefteg bis stiermesch Zenarie méiglech

An der Nuecht op den Donneschde passéiert eis vu West no Ost eng Kalfront, un där et méi staark reene kann. Op de Koppe sinn do eenzel Flacke net onméiglech. De Wand dréint iwwerdeems op, an de Spëtzte sinn tëscht 60 a 85 km/h méiglech, jee no Modell méi. Dëst ass awer nach net all ze sécher. Dagsiwwer kann et zwar nach naass ginn, mee net méi grad esou oft. D’Temperature packen et op Maximalwäerter vu 7 bis 11 Grad. Um fréie Freidemoie kënnt et nach zu Nidderschléi, déi bei Temperature vun ëmt a knapp iwwert dem Gefréierpunkt als Schnéireen erofkomme kënnen – op de Koppen deels och als “richteg” Flacken. Am Laf vum Dag gëtt et méi dréchen, mee et bleift gréisstendeels gro. D’Temperature packen et op 4 bis 7 Grad. De Samsde sti mir weiderhin ënner Déifdrockafloss, d’Temperature ginn bei tëscht 1 a 5 Grad erëm bëssen zréck. Besonnesch op de Koppe sinn eenzel Flacke méiglech, soss misst et sech dobäi meeschtens ëm Reen oder Schnéireen handlen. De Wand kann erëm op bis ëm 75 km/h opfrëschen. Um Sonnde soll eis eng änlech Situatioun ustoen, dat bei 2 bis 5 Grad.