Ausbléck: Chancen op Reen & Risk vu liichte Wiederen en Donneschden & Freiden

An dëser Woch gerode mir jo ënnert eng méi variabel westlech Stréimung. An de nächsten Deeg wäert dowéinst d’Warscheinlechkeet/Chance fir Reen an eise Géigende klammen. Och Donnerwieder si net ausgeschloss.

Advertisement

Kalfronten maache sech op de Wee

D’Wolleke si jo schonn mol ukomm, elo feelt eigentlech just nach de Reen. De Modeller no ass dëse net all ze wäit ewech, mee vun de Quantitéiten hier däerf ee sech trotzdeem net all ze vill erwaarden. En Donneschde/Freiden ass mat enger Kalfront ze rechnen, d’selwecht ewéi och e Samsden. Duerch dës geet d’Warscheinlechkeet vu kuerzzäiteg e bësse méi groussflächegem Reen an d’Luucht, och en Donnerwieder ka mol mat dobäi sinn. Eng Onwiederlag erwaart eis awer net.


D’Wiederlag bis e Samsden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Donneschden/Freiden

En Donneschde passéiert eis fir d’éischt mol eng Waarmfront, ier dann am Laf vum Owend eng Kalfront eragezu kënnt. Tëscht dësen zwou Fronte ka sech duerchaus mol eng geréngfügeg Energie fir liicht Donnerwieder opbauen, dat an enger Sträif vum nërdleche Frankräich iwwer BeNeLux bis ganz an de Norde vun Däitschland eran. Am Fall vun engem Wieder wier haaptsächlech e spierbare Wand & och Staarkreen dobäi, mee meeschtens handelt et sech ëm schaueraartege Reen. De geneeën Timing vum Reen ass nach net gewosst: Déi eng Modeller rechnen en Donneschdenowend domat, déi aner eréischt a Richtung fréie Freidemoien.

Samsden

E Samsde kënnt eng weider Kalfront aus Westen eragezunn, déi eis einfach e bësse Reen matbrénge soll. Dotëscht sinn zwar och lokal konzentréiert méi kräfteg Schauere net ausgeschloss, mee och dann steet eis keng markant Donnerwiederlag oder soss geféierlech Wiedersituatioun un.

D’Reequantitéiten

Laut europäeschem ECMWF-Modell erwaart eis bis e Samsden inclus eng Reequantitéit vun tëscht 5 an 10 l/m², punktuell eppes driwwer. Den däitschen ICON ass ganz änlech gepolt, iwwerdeems den amerikanesche GFS e bësse manner bei eis gesäit an dofir de meeschte Reen westlech un eis laanschtzitt.