Ausbléck: Et bleift schmeier & geschwënn klëmmt och erëm den Donnerwiederrisk

D’Donnerwiedersaison ass definitiv nach net eriwwer, esou wéi mir et jo an de leschten Deeg gesinn hunn. Och fir d’nächst Woch stellt sech e schmeierwaarme Setup an, duerch deen et ënner Ëmstänn mol méi zolidd bei eis kéint kraachen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Vun der neier Woch un läit e grousst a kräftegt Héichdrockgebitt iwwert dem zentralen Europa, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert de britteschen Insele läit an ëmmer méi a Richtung Skandinavien wandert. D’Beweegung, déi duerch d’Interaktioun vun den zwee Drockënnerscheeder zustane kënnt, féiert am Laf vun der nächster Woch op e Neits dozou, dass eis immens fiichtwaarm Loftmassen erreechen – en Donnerwiederrisk ass d’Konsequenz.


Déi éischt Donnerwiedersignaler fir d’nächst Woch sinn schonn mol ze gesinn | Grafik: wxcharts.com

Et kann een zwar nach net all ze wäit an den Détail goen, mee fir en Dënschde rechne schonn mol déi éischt Globalmodeller wéi den ECMWF oder GFS domat, dass an eiser Groussregioun resp. iwwer BeNeLux de Risk vun zolitten Donnerwieder mat Stuerm a Knëppelsteng an d’Luucht geet. Berechent gëtt eng gréisser potenziell zur Verfügung stoend Energie, zesumme mat enger gënschteger Wandscherung (Ännerung vu Wandrichtung- & Vitesse mat der Héicht). Vun en Dënschden u bis de Sonnden ginn ëmmer erëm Signaler fir Donnerwieder gewisen. Dëst ass weder eng Prognos nach eng Warnung, mee einfach de Bléck op d’Modell-Mëttelfrist mat hire Probabilitéiten. Wéi eng Géigenden tatsächlech wäerte betraff sinn, gesi mir leider eréischt an e puer Deeg méi genee. Dëst déngt also einfach just als Info fir den Hannerkapp.

Bis dohi waarde mir gemittlech of a genéissen de Comeback vum Summer.