
D'Wiedermodeller dinn sech zanter e puer Deeg schwéier wat d'Viraussoe vun den exakte Schnéiquantitéiten ugeet. D'Meenunge ginn deels ganz wäit auserneen, och fir déi nächst Nuecht.
Onsécherheeten an de Modellrechnungen
Et kënnt ëmmer erëm vir, dass sech déi verschiddenst Wiedermodeller iwwert en ustoenden Zenario net besonnesch eenz sinn – de Moment si mir awer an enger Phas, wou d’Meenungen immens wäit auserneen ginn. Heiansdo schneit et, obwuel d’Modeller dat guer net esou gesinn hunn, an ëmgekéiert. Vun den Owend/der Nuecht un kéint een dat méiglecherweis nach besser mierken.

D’Situatioun ass déi, dass den amerikanesche Wiedermodell vu kuerz no Mëtternuecht un domat rechent, dass e gréissert Schnéigebitt aus Frankräich op Lëtzebuerg gezu kënnt. Bei sengem Passage soll et méisseg bis staark schneien, et gi Quantitéite vu bal 6 cm fir de Norden a 4 cm fir de Süde simuléiert.

Den europäesche Wiedermodell gesäit zwar och Schnéifall op eis duerkommen, mee bei wäitem manner breet ausgepräägt a vill manner intensiv. Den däitsche Modell schléisst sech dem un an och de franséischen ARPEGE wëll näischt vu groussflächegem a staarke Schnéifall wëssen.

Den héichopléisenden AROME-Modell rechent fir kuerz viru Mëtternuecht mat engem klenge Nidderschlagsgebitt, wat virun allem an der Nordhallschent vum Land méi kräftege Schnéifall kéint bréngen. Vun de Quantitéite géife mir bei 2 bis 5 cm erauskommen, ausser op de nidderegste Plazen.
Fazit:
Och elo, e puer Stonne virdrun, ka kee genee soen, wéi vill Schnéi eis bis muer de Mëtten erwaart. Am warscheinlechsten ass et, dass et wuel wäert schneien – d’Intensitéit ass awer ongewosst an dat huet och eng Auswierkung drop, wéi vill et an Zäit vun dëse Stonne ka schneien, also vun der Quantitéit hier. Vu quasi näischt bis hin zu 7 cm ass de Modeller no alles méiglech.
An egal wéi et am Endeffekt wierklech gëtt, et gëtt mat Sécherheet glat! Passt dohier nach en Tick besser op der Strooss op wéi souwisou schonn.