Ausbléck: Update zur Hëtzt & dem Donnerwiederrisk fir déi nächst Zäit

Och wann et de Moment net dono ausgesäit wann een erauskuckt, erreecht eis geschwënn e Schwall un héichsummerleche Loftmassen aus dem Süde vun Europa. Zousätzlech gëtt et erëm schmeier.

Advertisement

Ëmschwong vum Donneschden un…

… mee nach net esou richteg fir eis spierbar. D’Ufäng iwwert dem Atlantik geschéien awer, dat duerch en Déifdrockgebitt wat sech virun den Dieren vun Europa installéiert. Zur selwechter Zäit mécht sech ëmmer méi héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa selwer breet, wat dozou féiert, dass sech eng héichsummerlech waarm Südweststréimung kann astellen. Dës südwestlech Stréimung léisst et awer och zou, dass iergendwann och méi schmeier Loftmassen an d’Spill kommen, déi den Donnerwiederrisk an d’Luucht drécken.

E Freiden ass domat ze rechnen, dass d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 25 an 30 Grad klammen – esou den europäesche Wiedermodell. E Samsde wiere mir bei tëscht 28 an 32 Grad ënnerwee, ier eis e Sonnden dann mat 30 bis 33 Grad (lok. 34 Grad) e richteg hëtzegen Dag géif bevirstoen.

Kaarten: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell ass der Hëtzt géigeniwwer däitlech méi optimistesch a gesäit schonn fir e Freiden Maximalwäerter vun 32 Grad op eis duerkommen, e Samsden an e Sonnden 34 Grad. Egal wéi waarm et wierklech gëtt, engem héichsummerlech waarme Weekend steet näischt méi am Wee.

An den Deeg drop géifen d’Temperature lues a lues zréckgoen.

De Risk vun Donnerwieder geet an d’Luucht

Natierlech kann een elo nach net soen, wou et de Weekend wäert kraachen, mee iwwer Deeler vum zentrale Frankräich, BeNeLux an dem Weste vun Däitschland geet de Risk op alle Fall an d’Luucht. E Freide sinn déi éischt Dimmeren iwwert dem Frankräich ze erwaarden, e Samsde besteet schonn iwwert dem Norde vu Frankräich resp. Deeler vu BeNeLux e klenge Risk ier dann e Sonnden de Fokus méi op BeNeLux an Westdäitschland kéint geluecht ginn.


Den Donnerwiederrisk iwwert de Freide, Samsden a Sonnden op eng Kaart “kompriméiert”. Vun Dag zu Dag verlagert sech de Risk méi wäit an de Norden/Nordosten | Grafik: Météo Boulaide

Well et sech heibäi ëm energieräich Loftmassen handelt, wieren do wou se optrieden onwiederaarteg Entwécklungen duerch Stuermstéiss, Staarkreen a Knëppelsteng méiglech. Météo Boulaide hält Iech dozou um Lafenden.