Stuerm POLY: Doudesaffer an Holland & Däitschland, Wandvitessen vun iwwer 140 km/h

De Stuerm POLY, deen fir d’Joreszäit immens aussergewéinlech ass, huet duerch Wandvitessen vu bis zu 148 km/h op sengem Wee bis ewell fir grousse Schued gesuergt. Zwou Persoune si gestuerwen.

Advertisement

Verkéierschaos an Holland, Fra vu Bam erschloen

Zuch-, Fluch- an Autosverkéier waren de Moien an am Virmëtten immens beanträchtegt, dat duerch de Summerstuerm POLY. Dësen hat sech iwwer Nuecht iwwert dem Ärmelkanal weider intensivéiert, fir dann am Virmëtte säi Maximum virun der Küst vum Norde vun Holland & Däitschland ze erreechen. Zu Haarlem an Holland ass eng Fra duerch e Bam erschloe ginn.

Den Ënnerscheed zu de Wanterstierm ass deen, dass d’Beem am Summer all hir Blieder hunn – domat hunn se also direkt eng grouss Ugrëffsfläch, wat méi séier dozou féiert, dass se ëmfalen oder Äscht ofbriechen. Eng grouss Gefor also, wann esou e Stuerm matten an enger Stad oder op der Autobunn lassleet, esou wéi dës Biller weisen:

De Wiederdéngscht esouwéi och d’Regierung haten d’Awunner dozou opgeruff, doheem ze bleiwen an de Noutruff just dann ze wielen, wann och wierklech Liewensgefor besteet. Et gëtt vum stäerkste Summerstuerm zanter op d’mannst 100 Joer geschwat. Déi héchst Wandvitessen an Holland louche bei 148 km/h zu Ijmuiden, 137 km/h zu Ijmond an 130 km/h zu Houtribdijk.

Weidert Doudesaffer an Däitschland

Och aus dem Nopeschland komme Meldungen iwwer gréissere Schued duerch Beem déi ëmfalen, Géigestänn déi ronderëmfléien a Schued u Gebaier/Infrastruktur. Am Emsland ass eng Fra ëm d’Liewe komm, dat iwwerdeems se beim mam Hond goen vun engem Bam getraff gouf. Den däitsche Wiederdéngscht warnt virun Orkanstéiss bis 130 km/h, dat je no Géigend nach bis den Owend 18 oder 20 Auer.


D’Warnung vum Däitsche Wiederdéngscht DWD fir den äusserste Norde vum Land | Grafik: DWD

Och iwwert dem Rescht vum Norden a Nordweste vun Däitschland si Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h ze erwaarden, resp. se trieden de Moment op. Glécklecherweis awer wäit ewech vun de Vitessen, déi knapp südlech vum Kär vum POLY gemooss ginn.

Wéi och an Holland ginn et Auswierkungen op den Zuchverkéier, a verschiddene Bundeslänner hunn d’Schoulen haut zou a Festivitéite sinn ofgesot.

Et ass warscheinlech, dass déi iwwerduerchschnëttlech waarm Nordséi zu der Intensitéit vum POLY bäigedroen huet.

Zu Lëtzebuerg hu sech d’Wandvitessen tëscht 50 a 60 km/h opgehalen – vill méi war (ausserhalb vun engem Donnerwieder) och net ze erwaarden, wéi een hei ka noliesen.