Ausland: Zweet Well mat lokal méi wéi 250 l/m² Reen fir Deeler vu Südeuropa

Iwwerschwemmunge sinn de Moment e gréissert Thema op eisem Kontinent, dat duerch immens grouss Reequantitéiten. Fir déi nächst Deeg steet souzesoen eng zweet Well mat weideren, markante Nidderschléi un, déi op e Neits fir eng Rëtsch Gefore wäerte suergen.

Advertisement

D’Situatioun

Dat grousst Déif iwwert de britteschen Inselen, wat eis heiheem ëmmer erëm mol e puer Randdéifer a Frontesystemer zoukomme léisst, huet net nëmmen en Afloss op eis. Och iwwert dem Gros vum Rescht vun Europa kommen aus Westen ëmmer erëm Reenfronten eragezunn, déi bis e Sonnden inclus punktuell fir Quantitéite vu méi wéi 300 l/m² kënne suergen.

Viru gutt enger Woch hate mir eis de Reen iwwer Südeuropa schonn ugekuckt. Wéi een op dësem Video kann erkennen, hat dës Prognos leider och zougestëmmt

Déi weider Aussiichten

Mir fänken am Westen un, mat Spuenien a Portugal. Betraff ass deels erëm déi selwecht Géigend wéi viru kuerzem schonn, nämlech d’Nordhallschent vu Portugal an den äusserste Nordweste vu Spuenien. Tëscht Coimbra a Porto rechnen d’Modeller mat Quantitéite vun tëscht 90 an 130 l/m² bis e Sonnden inclus, tëscht Braga a Vigo (Spuenien) sollen et esouguer knapp 180 l/m² ginn. Wa mir schonn a Spuenie sinn: och am Raum La Coruna wäert et immens vill reenen, direkt un der Nordküst sinn och mol 200 l/m² net ausgeschloss.


D’Reequantitéite bis e Sonnden inclus fir Portugal a Spuenien | Grafik: wxcharts.com

Gi mir eriwwer a Frankräich, wou mir et am Südwesten, tëscht Nantes Limoges an och Bordeaux mam meeschte Reen ze dinn hunn. Punktuell sinn 120 l/m² méiglech. Am Osten, bei Lyon an och zu der Grenz zu der Schwäiz, kënnen och 100 l/m² erofkommen.

An Italien ass haaptsächlech de Norden an de Nordosten betraff. Op gréisserer Fläch sinn tëscht 50 an 80 l/m² méiglech. Een Beräich stécht besonnesch eraus, nämlech deen tëscht Genoa a Pisa. Punktuell ginn iwwer 250 l/m² berechent. E weideren Hotspot fanne mir am Nordosten, direkt un der Grenz zu Slowenien – tëscht 100 an 250 l/m² si méiglech, eenzel Modeller rechnen esouguer mat 300 l/m².


D’Reequantitéite bis e Sonnden inclus fir Italien, Slowenien a Kroatien | Grafik: wxcharts.com

Zu Rijeka a Koratien kënnen änlech Zommen optrieden, iwwerdeems se a erof a Richtung Split liicht ofhuelend sinn. Trotzdeem ass mat tëscht 60 an 100 l/m² ze rechnen.