Amerikanesche GFS am optimisteschsten
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat akkumuléierte Reequantitéite vun tëscht 1 a 5 l/m². Dat meescht dovu soll laanscht den äussersten Oste vum Land fale kënne, iwwerdeems et am Rescht vum Land bei 1 bis 2 l/m² bleiwe sollt. Dat meescht vun de genannte Wäerter soll am Sonndenomëtten erofkommen – dat am Virfeld vun enger Kalfront, déi eis de Méinde passéiere wäert.
Den europäesche Modell ECMWF ass mat däitlech manner grousse Quantitéiten dobäi. Et sollen tëscht 0 an 1 l/m² falen. Am naasste soll et um nërdlechste Wutz vum Land ginn. Anescht wéi de GFS rechent den ECMWF net domat, dass et de Sonnde reene soll. Déi vum dëse Modell berechent Quantitéite solle gréisstendeels haut am Laf vum Dag optriede resp. och muer am Samsdevirmëtten.
…och déi aner Modeller mat éischter gerénge Quantitéiten
De franséischen AROME ass scho méi a Richtung ECMWF ënnerwee a rechent mat kenge wierklech nennenswäerte Wäerter. Tëscht 0 an ongeféier 0,2 l/m² sinn dësem Modell no ze erwaarden. Dës geréng Quantitéite sollen haaptsächlech haut uechtert Land optrieden.
Den däitschen ICON ass mat 0 bis 1 l/m² dobäi a rechent haut mat ganz lokalen a gerénge Reequantitéiten. Sou wéi och de GFS soll et dem ICON no am Sonndenomëtte kuerzzäiteg d’Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer ginn. Op ville Plaze bleift et komplett dréche, just lokal begrenzt soll eppes falen.
Kuckt een déi eenzel Berechnungen an et probéiert een op e gréngen Zweig ze kommen, dann ass kloer: et geet mat net all ze nennenswäerte Reequantitéite virun. Wann et de Weekend reent, da geet et mol net duer fir plätschnaass ze ginn.