Bilan: Am November huet et lokal erëm bal 200 l/m² gereent

Mir hunn en immens naasse November hannert eis, deen och erëm en Tick ze waarm ausgefall ass. Mir zéien e Bilan.

Advertisement

Advertisement

De Reen huet dominéiert

Och ouni sech op meteorologesch Donnéeën ze bezéien huet sécherlech jiddereen matkritt, dass de November iwwerduerchschnëttlech naass war. An dësem Bilan kucke mir eis haaptsächlech d’Donnéeën vun der Wiederstatioun um Findel un, déi dem staatleche Wiederdéngscht gehéiert.

Bleiwe mir direkt beim Reen: Gemooss goufen um Findel 141,2 l/², woubäi et awer normalerweis just 72,1 l/m² an engem duerchschnëttleche November reent. Dës Quantitéite goufen op 25 Deeg verdeelt gezielt, 17,5 Deeg wiere normal. Beweege mir eis vum Findel fort a kucke kuerz op dat ganzt Land: Déi naasst Géigend war de Westen, dat am Raum Pärel an Holz – de Radardonnéeë no sinn hei tëscht 170 an 190 l/m² Reen erofkomm. Iwwert dem Gros vun der Nordspëtzt waren tëscht 140 an 170 l/m² dobäi an am dréchenste war et am Raum Diddeléng mat grad emol 90 l/m².

D’Temperaturen hu sech och an engem liicht ze héije Beräich beweegt, genee 6°C goufen an der Moyenne gemooss. Déi héchst Temperatur gouf et den 13. November mat 14,2°C, déi nidderegst um fréie Moie vum 28. November mat -4,3°C – um Findel, wuelverstanen.

Och d’Sonn konnt sech net esou duerchsetze, wéi dat tëscht de Joren 1991 an 2020 normal gewiescht wier. 26,6 Sonnestonne goufe gezielt, den Duerchschnëtt läit bei 51,1 Stonnen.