Sonnestierm: An de nächsten Deeg Polarliichter bis an d’Alpen méiglech

De Moment sinn e puer Sonnestierm a Richtung Äerd ënnerwee, déi sech um Wee zesummendinn a muer bei eis ukommen. Ass d'Magnéitfeld richteg ausgeriicht, wieren esouguer visuell Polarliichter méiglech.

Advertisement

Advertisement

Erëm Polarliichter an eise Géigenden

An de leschten Deeg hu sech erëm e puer Sonneneruptiounen erginn, déi rezent war eng immens zolitt. Dës ass um Wee a Richtung Äerd a wäert um Wee heihin warscheinlech déi aner Stierm, déi souwisou ënnerwee sinn, anhuelen. Dëst nennt een och nach “Cannibal CME”. An der Vergaangenheet hunn esou Konstellatiounen heiansdo awer net esou eng grouss Polarliicht-Aktivitéit bruecht wéi eigentlech erwaart – déi exakt Ausriichtung vum Äerdmagnéitfeld muss nämlech stëmmen.


D’Virwarnung vum SWPC fir muer | Grafik: NOAA

Wann alles beieneekënnt, kéint et sinn, dass mir et an de nächste Nuechte mat fotografeschen an esouguer visuelle Polarliichter ze di kréien – an dat fläit esouguer bis un d’Alpen. D’Plasmawollek soll eis de momentane Prognosen vun der NASA & NOAA no muer um 1. Dezember erreechen.


De viraussiichtleche K-Index bis den 2. Dezember | Grafik: polarlicht-vorhersage.de

Wéi een de Prognosen vum K-Index enthuele kann, gëtt schonn fir muer am Virmëtten mat engem K-6 an de mëttlere Breeten gerechent – déi lescht Kéier, ufanks November, louch en bei 7. Fir déi méi héich Breeten ass och erëm mat 7 ze rechnen. Wat een awer soe muss: D’Situatioun entwéckelt sech séier – a well et sech duerch Sonnestierm, déi sech mateneen “vermëschen”, ëmt eng méi komplizéiert Situatioun handelt, kéinten dës Wäerter nach ganz anescht ausfalen. Et heescht also ofwaarden a kucke, wat geschitt.

Spillt d’Wieder dann mat?

Wa mir elo dovun ausginn, dass et klappt, muss natierlech d’Wieder stëmmen. De Sonnestuerm soll muer de Mëtten (amerikanesch Zäit) ukommen, wat heescht, dass et bei eis schonn muer de Moie mam Wieder muss stëmmen, fir dass eng Siichtung iwwerhaapt méiglech ass. De Modeller no sinn allerdéngs bis an de Virmëtten eran Wolleken, Niwwel an och deels Schnéifäll ënnerwee, esoudass dat schonn mol keng gutt Viraussetzunge sinn.

Et kann een also nëmmen hoffen, dass sech an der Nuecht op de Samsden eppes un der Polarliicht-Prognos ännert, well do kriite mir deemno wéi esouguer e puer méi kloer Momenter nieft de Niwwelfelder. D’Warscheinlechkeet vun de Polarliichter besteet mol nach bis den 2. Dezember. Wa néideg, kommen also nach e puer Updates heizou.