Bléck op de Weekend: Eng éischt Kéier fréiwanterlech

De Weekend ginn eis déi éischt Kéier fir dës Saison kal Loftmasse mat polarem Uersprong zougeschéckt. Déi eng oder aner Flack gëtt, wéi schonn gesot, ëmmer méi warscheinlech.

D’Grousswiederlag

Bis e Sonnden inclus leie mir ënnert dem Afloss vun engem Déif, wat sech vum Baltikum aus iwwert de Gros vun Osteuropa erstreckt. Zur selwechter Zait existéiert nach eng schmuel Sträif mat héijem Loftdrock iwwert dem Oste vum Atlantik, déi d’Zoufuer vun dëse méi kille Loftmassen ënnerstëtzt. Besonnesch a Polen kann ee schonn bal vun engem sougenannten “Arctic Outbreak” schwätzen, wat esou fréi an der Joreszäit aussergewéinlech ass.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Dëse Weekend kommen déi éischt Flacken an d’Spill, mee wat d’Schnéihéichten ugeet soll ee sech net all ze vill erwaarden. Méi dozou am Update vu gëschter.

E Freidemoie leien d’Temperaturen tëscht 6 an 8 Grad a pendle sech am Virmëtten tëscht 4 a 6 Grad an – et gëtt also méi kal, wat doru läit, dass eis déi ugeschwat kill Loftmassen lues a lues erreechen. Méi däitlech gëtt dat vu kuerz no der Mëttesstonn un – vu Nordosten hier a Richtung Südwesten gëtt et an Zäit vun zwou Stonnen ëmmer méi kal. Géint 18 Auer si mir un der Nordspëtzt vum Land bei tëscht 1 an 3 Grad ukomm, an der Südhallschent sinn et nach 3 bis 5 Grad. Wärend dësem ganzen Temperaturréckgang-Prozess sinn eenzel Nidderschléi ze erwaarden, déi virun allem op iwwer 450 Meter kënnen als Schnéireen a méi spéit och a Form vu schwaache Schnéischaueren erofkommen. Fir de Rescht ass et meeschtens Reen. An der Nuecht op de Samsde ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 1 Grad zréck, an dat am ganze Land verdeelt. Duerch Nätzt déi fréiert riskéiert et glat ze ginn.

E Samsdstarte mir mat erëm e puer Schaueren, déi als Schnéi, Schnéireen a Reen erofkommen. Wärend dem Nomëtte ginn d’Nidderschléi erëm en Tick méi rar, d’Temperature si bei tëscht 2 a 5 Grad ënnerwee. An der Nuecht pendle sech d’Wäerter tëscht 1 an 3 Grad an. Dat heescht, dass och wann op den héchste Koppe Schnéi gefall ass, dëse wuel net wierklech ka leie bleiwen.

E Sonnden ass mat Maximaltemperature vun tëscht 3 a 5 Grad ze rechne, lokal esouguer 6. Et zéie vill Wolleken duerch, zumools am Nomëtten ass geréngfügege Nidderschlag ze erwaarden, dat a Form vu Reen. An der Nuecht op de Méinde geet et op -1 bis 1 Grad zréck, a Richtung fréie Méindemoien kënnen aus Westen groussflächeg Schnéischaueren opkommen.