Och wann et bei eis wärend de leschte Juli-Deeg alles anescht wéi summerlech war, war et global gekuckt awer de wäermste Mount zanter Opzeechnungsufank.
Donnéeë confirméiere neie weltwäite Rekord
De Juli 2023 war der Äerd hire wäermste Mount zanter Ufank vu meteorologeschen Opzeechnungen, an dat bei wäitem. Déi global Temperaturmoyenne vum Juli louch bei 16,95°C – deemools am Juli 2019 waren et 16,63°C. Fir all Mëssverständnis aus dem Wee ze raumen: Dës Wäerter baséiere sech op déi genormt Lofttemperatur, déi op tëscht 1,5 an 2,2 Meter gemooss gëtt. Et handelt sech heibäi NËT ëmt déi direkt Buedemtemperatur.
Mat dobäi kënnt, dass och eis Mierer zanter Abrëll all Dag nei Temperaturrekorder opgestallt hunn wat d’Waasseruewerfläch ugeet. Mir haten et bis ewell mat ville sougenannte “marinnen Hëtztwellen” ze dinn, bis den 31. Juli konnt dunn e neien Allzäitrekord vun 20,96°C opgestallt ginn, 0,01°C méi wéi de Wäert, deen de 29. Mäerz 2016 opgezeechent gouf. Et muss een däitlech maachen, dass mir hei vun Duerchschnëttswäerter schwätzen – och wann engem d’Wäerter net als besonnesch relevant erschéngen, si se et awer trotzdeem. Fir esou een Impakt op eng laangjäreg Moyenne ze hunn, mussen d’Wäerter op e méi klengen Zäitraum gekuckt immens iwwert hir Duerchschnëttswäerter erausschéissen.
Zu de Wiederextreemer am Juli hunn déi massiv Hëtztwellen iwwer Europa (dorënner virun allem de Mëttelmierraum), Nordamerika an Asien gehéiert, esouwéi och d’Bëschbränn a Kanada an och a Griicheland. Och d’Extrem-Donnerwieder, déi virun allem iwwer Italien an de Weste vun der Schwäiz ewechgezu sinn (dat mat Wandvitessen vun iwwer 200 km/h an 19 cm décke Knëppelsteng) ënnersträichen den extreeme Juli. Am Endeffekt waren am Juli Millioune vu Leit vun den Auswierkunge vum Klimawandel betraff. D’Wëssenschaftler betruechten et als Virgeschmaach op dat, wat eis an der Zukunft bléit.