Déifdrockkomplex installéiert sech: Onwieder duerch zolitte Reen net ausgeschloss

Am Laf vun der neier Wiederwoch breet sech déiwe Loftdrock um Kontinent aus. Duerch weider kleng Kären a net ganz virdeelhaft Verlagerunge kënne lokal Onwieder duerch zolitte Reen net ausgeschloss ginn, mat Pech och zu Lëtzebuerg.

Advertisement

Et kënnt uerdentlech Beweegung eran

An der neier Wiederwoch heescht et d’Kaarte genee am Aen ze halen, virun allem fir déi zweet Hallschent. Zwar ass et nach vill ze fréi fir genee Agrenzunge vun de Risikogebitter ze maachen, mee d’Modeller geheie vun Zäit zu Zäit mat richteg markante Reenzommen ronderëmt sech, deels och fir Lëtzebuerg. Dësen Artikel ass einfach just en Hiweis, also e klengen “Heads Up”, dass sech mat Pech gréisser Saache kéinten doen.


D’Berechnung fir de Méinden | Grafik: wxcharts.com

Den Ufank maachen Déifdrockausleefer, déi eis um Sonndenowend/an der Nuecht op e Méinde schonn eenzel Schaueren oder och mol en Donnerwieder kënne bréngen. Um Méinde selwer sinn där weiderhi méiglech, zu Lëtzebuerg hëlt d’Warscheinlechkeet dofir am Laf vum Nomëtten awer Stéck fir Stéck of. Am Fokus stinn dann haaptsächlech ëstlech Deeler vu Frankräich, Géigenden an der Belsch mee vill méi de Westen a Südweste vun Däitschland.


E Reegebitt gëtt fir d’Nuecht op e Mëttwoch ëmmer méi warscheinlech

Fir en Dënschdenowend/d’Nuecht op e Mëttwoch klëmmt momentan de Risk vu (markantem) Dauerreen. Nodeems d’Modeller d’Situatioun viru kuerzem nach zimmlech ënnerschiddlech berechent hunn, schéngen se esou lues op e gemeinsame Nenner ze kommen. Sollt sech also net méi vill drun änneren, da kriite mir et vum Dënschdenowend un bis an de Mëttwochmoien era mat enger Phas mat méi kräftegem Reen ze dinn. En Onwieder wier dëst awer allerdéngs net, och wann Aquaplaning a klammend Peegelen d’Folge wieren.

Zweet Hallschent gëtt besonnesch kniffleg

Bis e Mëttwoch hu mir et meeschtens mam selwechten Déifdrockgebitt ze dinn, wat sech mat sengem Haaptkär tëscht de britteschen Inselen a kuerz virun der Westküst vu Frankräich ophält. Vum Mëttwochowend un solle sech awer iwwer Mëtteleuropa selwer am Kader vun dësem Déif weider Randdéifer forméieren – also kleng Déifdrockgebitter um Rand vum eigentlechen Déifdrockgebitt. Dës si besonnesch kleng a verlagere sech no engem nëmme kuerzfristeg genee aschätzbare Wee. En Donneschde selwer soll sech d’Haaptdéif mat de ville klengen Déifer iwwer Mëtteleuropa zesummendoen, wat dann erëm an engem gréisseren Déif resultéiert, wat sech bis de Sonnden a Richtung Polen soll verlageren. Dëst ass d’Iddi vum europäesche Modell, den amerikanesche Modell gesäit iwwer groussen Deeler vum Kontinent vill Déifdrockaktivitéit mat engem oniwwersiichtleche Bild wouhi sech wéiee Kär beweegt.


Déi akkumuléiert Reenzommen bis de Sonnden inclus, laut aktuellem Stand. De Gros dovu géif vum Donneschden u falen | Grafik: wxcharts.com

Dir mierkt: Et kënnt uerdentlech Beweegung an d’Wiederkichen. Mee wat bedeit dat elo? Fir d’éischt mol schéngt et sécher, dass iergendwou iwwert dem Kontinent bis e Sonnden warnrelevant Reenzommen erofkommen – mir schwätzen vun deels 100 l/m² oder driwwer. Besonnesch Däitschland schéngt awer am Fokus ze sinn, den europäesche Modell huet esouguer Peaks vu knapp ënner 200 l/m² dran. Aktuell rechent dëse Modell de Maximum bei Nürnberg, gëschter Owend goufen awer nach knapp nërdlech vu Lëtzebuerg 200 l/m² berechent.


Déi virlescht Berechnung vum europäesche Modell. Änlech Intensitéit, aner Géigend. Dës Schwankunge mussen am Aen gehale ginn | Grafik: wxcharts.com

Leider kënne mir nach net méi soe wéi dat, well d’Berechnungen einfach esou vill hin an hier sprangen. D’Intensitéite si mol net wierklech dat variabelt, mee d’Verdeelung. De Risk fir e markant Event ass an der zweeter Wochenhallschent op alle Fall erhéicht. Mir halen d’Situatioun am Aen.