De LIVETICKER zu der Donnerwiederlag vun haut, 09.07.2023

Wëllkomm am Liveticker zu der Donnerwiederlag vum 09.07.2023! Hei kommen all d’Updates hi stoen, déi iwwer Social Media verëffentlecht ginn. Praktesch fir jiddereen, dee kee Facebook a co. huet. Dës Säit aktualiséiert sech all Minutt vum selwen.

09.07.2023 – 16:25

+++ Nowcast: Wéi geet et elo virun? +++

D’Donnerwieder ass duerch, wat de Moment nach erofkënnt ass de Landreen hannendrun. Vu Südwesten hier gëtt et elo séier méi dréchen, och d’Sonn wäert sech nach virum Sonnenënnergang erëm weise kommen.

Am Norde ginn de Moment tëscht 18 an 20 Grad gemooss, an der Südhallschent sinn et 20 bis 25 Grad. Virum Donnerwieder waren et 28 bis 33 Grad am Norden an tëscht 33 a 35 Grad am Süden.
Wann d’Sonn erëmkënnt, gëtt et erëm zimmlech schmeier. Wat d’Donnerwieder betrëfft sollt et dat awer elo gewiescht sinn.

Merci fir Är Opmierksamkeet! De Warnsystem huet bis ewell och nach net esou gutt funktionéiert ewéi haut. Elo bleift just nach ze hoffen, dass net ze vill Schued entstanen ass an dëse séier behuewen ass.

Radar: RadarScope

09.07.2023 – 16:05

Androck vu Vichten vum Nicole Kemp! Och op anere Plaze wou de stäerksten Deel vun der Front duerchgaangen ass gesäit et änlech aus. Beem sinn ëmgefall, plazeweis gëtt et kee Stroum méi, an et läit Dréck an de Stroossen.

Zu Iechternach ass e schwéiere Stuermstouss vun 91 km/h opgetrueden, un den ASTA-Statiounen Useldeng an Konsdref jeeweils 83 km/h.

Foto via Police Kontrol Lëtzebuerg

09.07.2023 – 15:36

WARNUNG: Donnerwieder

NIV: 2 / 3

gëllt vun 09.07.2023 – 15:36
gëllt bis 09.07.2023 – 16:15

** gëtt verlängert falls néideg **

Iwwer Osweiler, Ermsdorf, Eppelduerf, Dillingen, Vianden, ginn et de Moment zolitt Neientwécklungen! Knëppelsteng bis 2 – 4 cm am Duerchmiesser si méiglech, dozou Stuermstéiss bis 90 km/h an zolitte Reen -> Iwwerschwemmungsgefor.

Radar: RadarScope

09.07.2023 – 15:23

WARNUNG: Donnerwieder

gëllt vun 09.07.2023 – 15:20
gëllt bis 09.07.2023 – 16:00

** gëtt verlängert falls néideg **

Op enger Linn vun Martelange bis op Recken/bal Jonglënster läit eng kräfteg Donnerwiederlinn. Et kënnt zu Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h, Radarmiessunge no sinn d’Knëppelsteng PUNKTUELL tëscht 1 an 2 cm grouss.

Um weidere Wee leien: Groussraum Géisdref, Bierden, Ettelbréck, Dikrech, Fouhren, Schlindermanderscheid, Brandenbourg, Steeën an duerno deemno wéi och nach Veianen & Housen.

Radar: RadarScope

09.07.2023 – 15:08

WARNUNG: Donnerwieder

Op enger Linn vu Biekerech iwwer Sëll bis op Steesel läit eng kleng méi kräfteg Linn, déi a Richtung Nordosten virunzitt. Um weidere Lafwee leien d’Géigenden Eschette, Bëschrued, Gréiwels, Useldeng, Michelbouch, Feelen, Recken, Rouscht a spéiderhin de Raum Eschduerf.

Et kënnt zu stiermesche Wandstéiss, déi deemno wéi Vitesse vun tëscht 70 a 85 km/h kënnen erreechen. Staarkreen a Knëppelsteng si net onméiglech.

09.07.2023 – 14:46

+++ Nowcast: Energie “verlagert” sech +++

Den Deel aus Frankräich ass zwar nach net grad bei eis – mee beim Passage dovun an ZäIt vun der nächster Stonn ongeféier kann et PUNKTUELL zu Staarkreen, Knëppelsteng a Wandstéiss kommen. Momentane Radar-Donnéeë no huet d’Stuerm-Laun erëm ofgeholl.

Am Allgemenge schéngt sech grad ofzezeechnen, dass sech d’Energie scheinbar an den am Donnerwieder-Outlook markéierten ERHEICHTE RISIKO-Gebitt verlagert. Iwwert der Belsch, mee och an der Äifel ginn et frësch Entwécklungen, déi däitlech méi Schwong hunn.

De Rescht, mat dem mir et grad ze dinn hunn, entwéckelt sech ëmmer méi zu engem Reegebitt mat e puer agelagerten Donnerwieder. Wéi gesot kënnen dës PUNKTUELL mol méi kräfteg ausfalen, mee wann sech elo näischt méi dorun deet, wäert d’Aktivitéit knapp nërdlech a nordwestlech vun eis d’Haaptroll iwwerhuelen.

09.07.2023 – 13:59

+++ Nowcast: Déi éischt Donnerwieder kommen un +++

Déi éischt Donnerwieder sinn am Land ukomm. Dat ënnert anerem am Raum Stengefort, Garnich an zu Holtz. Dës sinn bis ewell net warnrelevant, kënnen dëse Status awer séier änneren.
Eise Kandidat iwwert dem nërdleche Frankräich, am Raum Saint-Dizier / Bar-le-Duc musse mir méi genee am Aen halen. Zwar huet déi Bow-Echo änlech Struktur vu virdrun hir Form verluer, an awer sinn weiderhin méi kräfteg Entwécklungen an dem Beräcih méiglech.

Radar: meteociel.fr

09.07.2023 – 13:13

+++ Nowcast: Risiko vu staarkem Wand/Stuermstéiss klëmmt +++

Den orange-markéierte Beräich aus dem Update vu virdrun mécht elo esoulues däitlech, firwat dësen fir eis esou “interessant” ass. De neiste Radarbiller no forméiert sech eng Bou-aarteg Struktur, déi en Indice dorop sinn, dass de Risiko vu Stuermstéiss am giel markéierte Beräich ufänkt, an d’Luucht ze goen.

Zitt d’Struktur esou virun ewéi lo, da wier virun allem d’Westhallschent vu Lëtzebuerg betraff, an dat a gutt 1:30h bis 2 Stonnen. Bis dohin ass et nach laang, dohier NACH ofwaarden.
MEE: Am Virfeld si weider Zellen aktiv, déi deemno wéi schonn éischter fir warnrelevant Donnerwieder an eise Géigende kéinte suergen.

Radar: meteociel.fr

09.07.2023 – 12:38

+++ Nowcast: Et gëtt spannend +++

Eng weider Stonn méi spéit gesi mir, dass et nawell zimmlech spannend gëtt – änlech wéi d’Modeller et och ugedeit hunn.

GIEL MARKEIERTEN DEEL: Dësen Deel vum Donnerwieder zitt am warscheinlechste knapp westlech un eis laanscht.

ORANGE MARKEIERTEN DEEL: Dëst Gebitt ass genee am Aen ze halen, well et ëmmer nach e liichten Ost-Drift huet a spéiderhin eng erhéicht Gefor fir Stuermstéiss kéint op Lëtzebuerg bréngen, tendenziell d’West-/Nordwesthallschent vum Land.

GRENGEN DEEL: Am Virfeld forméiere sech grad weider Donnerwiederzellen, déi deemno wéi schonn geschwënn un eiser Grenz kënnen uklappen. Dës sinn normalerweis nach net grad direkt warnrelevant, mee kënnen hir Intensitéit awer a ganz kuerzer Zäit änneren.

Radar: meteociel.fr

09.07.2023 – 11:41

+++ Nowcast: Donnerwiedersystem ëstlech vu Paräis ukomm +++

Eng gutt méi spéit gesi mir, dass den Donnerwiedersystem esou lues op enger Linn ëstlech vu Paräis ukënnt. De ganze Geforeberäich zitt sech de Moment vum Raum Auxerre bis erop an d’Géigend vu Noyon, Laon, Soissons an geschwënn och Reims.

De nërdlechen Deel vum System huet eng nord-nordëstlech Zuchrichtung, iwwerdeems de südlechen Deel zimmlech wäit ëstlech ausschweift. Dësen Deel ass an de nächste Stonnen méi genee am Aen ze halen, well sech do deemno wéi déi méi Wand-ufälleg Entwécklunge kéinten dinn.

Radar: meteociel.fr

09.07.2023 – 10:37

+++ Nowcast: System läit iwwert dem zentrale Frankräich +++

Gudde Moien am éischte Nowcast-Update! Iwwert dem zentrale Frankräich, nach gréisstendeels südlech vu Paräis, läit de besoten Donnerwiedersystem. Elo schonn kënnt et drënner zu stiermeschem Wand, méi fréi de Moie sinn esouguer am Beräich vun enger agelagerter Superzell gréisser Knëppelsteng opgetrueden.

De System organiséiert sech virun an zitt op BeNeLux duer. D’Haaptgefor besteet duerch immens zolitt Stuermstéiss, déi ënnert de kräftegste Kären mol méi wéi 100 km/h kënnen dropkréien.

Am Virfeld dimmert et awer och schonn e bëssen, sou biespillsweis knapp südlech vu Malmedy & am Raum Bar-le-Duc. Warnrelevant sinn dës awer net a NACH fale se ëmmer erëm a sech zesummen, well d’Konditiounen an hirem Ëmfeld nach net grad passen.