De Wand-Update: Zu wéi engen Zäiten de Wand deemnächst am stäerkste gëtt

Wéi bekannt, leie mir ënnert enger strammer Weststréimung, wouduerch d’Warscheinlechkeet vu méi lëftegem bis hin zu stiermeschem Wieder an d’Luucht geet. Mir kucken eis un, zu wéi engen Zäiten ee sech an de nächsten Deeg kann op de kräftegste Wand astellen.

Wand bleift relevant

Den Jetstream suergt a nächster Zäit dofir, dass ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter a Randdéifer de Wee an eis Groussregioun packen – schonn erëm! Well mir bei Météo Boulaide ëmmer alles genee am Aen hale, kucke mir eis an dësem Artikel un, wat an Tëschenzäit aus de Berechnunge ginn ass an och, wéini déi lëftegst Momenter sollen optrieden.


Schonn déi nächst Stonne rabbelen d’Rollueden | Grafik: wxcharts.com

Fänke mir schonn an dëser Nuecht un: De Moment kënnt eis aus Westen e Randdéif méi no, wat eis all Moment eng nei Front mat deels méi kräftegem Reen bréngt. Duerch dës Front gëtt et och erëm méi lëfteg, bis an de fréie Samsdemoien eran ass mat stramme bis hin zu stiermesche Wandstéiss vun tëscht 50 a 65 km/h ze rechnen – deemno wéi lokal och mol mat enger 70. Fir de Rescht vum Weekend bleift de Wand weiderhi spierbar ënnerwee, esou richteg stiermesch gëtt et awer net.

Verschidde Modeller ëmmer nach mat Stuermrisk an der neier Woch

An de Modellkaarten zeechent sech fir den Ufank vun der nächster Woch ëmmer nach eng spannend Situatioun of, déi vun de Modeller awer ëmmer nach ënnerschiddlech gerechent gëtt. Op alle Fall soll sech iwwert dem Atlantik, an dat südlech vun de britteschen Inselen a westlech vu Portugal, Spuenien a Frankräich, e klengt Randdéif forméieren. Aktuellem Stand no zitt dëst mat sengem Kär iwwert déi brittesch Inselen ewech, iwwerdeems d’Wandfeld dovun a Richtung West- a Mëtteleuropa gelenkt gëtt.


D’Wandstéiss bis an de fréien Dënschden eran laut GFS-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell no wier am Laf vum Sonnde schonn am Weste vu Frankräich mat Stuermstéiss ze rechnen, d’selwecht och nach eng Kéier a Richtung fréie Méindemoien. Vun do aus soll sech d’Wandfeld dann a Richtung BeNeLux, Nordfrankräich & Däitschland duerbeweegen. Dësem Modell no kriite mir et zu Lëtzebuerg mat Stuermstéiss bis ëm 80 km/h ze dinn, den däitschen ICON wëll virun allem op de Koppen e bësse méi net ausschléissen. Den europäesche Modell weist sech däitlech entschäerft an ass mat Wäerter vu gréisstendeels ënner 70 km/h ënnerwee.

Egal wéi héich d’Wäerter am Endeffekt ausfalen, de Méinden ass wuel eppes a Saache staarkem Wand am Bësch.

Stuermdéif vum Mëttwoch entschäerft

An de leschte Modell-Leef ware méi zolidd Zenarien fir Mëtt nächster Woch dran, déi an de leschten Aktualiséierungen awer no a no ofgeholl hunn. D’Randdéif, wat berechent gëtt, soll elo zimmlech genee mat sengem Kär iwwert eis ewechzéien, esoudass sech d’Wandfeld ganz anescht entwéckelt a sech guer net esou gutt bei eis ka bemierkbar maachen.


D’Wandfeld fir e Mëttwoch laut aktuellem Stand | Grafik: wxcharts.com

Genee wéi dat vu gëschter, ass och d’Berechnung vun haut eng Moment-Opnam. D’Konditiounen fir potenziell méi kräfteg Entwécklunge sinn do, mee dat muss och net heeschen, dass dat voll ausgenotzt gëtt.