Bléck op de Weekend: Reen verschwënnt zwar net, mee awer mol dréche Pausen

De Weekend iwwer kritt sech ganz kuerz liichten Héichdrockafloss duerchgesat, duerch deen mir zäitweis och mol méi dréche Pausen wäerten erliewen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Muer um Freiden zitt e Randdéif iwwert eis ewech, wat sech awer zimmlech séier wäert verzéien. Am Laf vum Samsde gëtt et manner naass, vun de britteschen Inselen hier dréckt sech kuerzzäiteg eng Zong mat héijem Loftdrock duerch. Dës sollt normalerweis eréischt vum Sonndenowend un erëm ënnerbrach ginn, well vum Atlantik hier erëm neien déiwe Loftdrock wäert op eis iwwergräifen.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freide starte mir dréif an den Dag eran, Niwwelfelder a Fisemreen si méiglech. Am Laf vum Dag fannen aus Westen ëmmer méi kompakt Wolleken hire Wee op Lëtzebuerg, d’Warscheinlechkeet vu Schauere geet ëmmer méi an d’Luucht. Déi gréisst Nidderschlagsaktivitéit sollt eis géint 19/20 Auer erwaarden, wou och méi kräfteg Schauere kéinten dobäi sinn. An de Simulatioune vum europäesche Modell ginn et esouguer geréngfügeg Signaler op Schnéireen op de Koppen, mee do sollt ee sech elo näischt all ze grousses drënner virstellen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 6 a 9 Grad.

E Samsden geet et manner naass virun, well jo, wéi gesot, erëm liichten Héichdrockafloss e bëssen eppes ze soe kritt. D’Temperature sinn um fréie Moie bei tëscht 2 a 5 Grad ënnerwee a packen et am Nomëtten op 5 bis 8 Grad. Bis an de spéidere Virmëtten era ka fläit mol nach eppes erofkommen, mee duerno gëtt et méi frëndlech – heiansdo weist sech d’Sonn esouguer mol kuerz.

E Sonnde geet et zimmlech dréif virun, eenzel sonneg Momenter sinn awer net ausgeschloss. De Reen sollt sech eréischt vum Sonndenowend un erëm zréckmellen, well de minimalen Héichdrockafloss erëm a Richtung Osten verdrängt gëtt.

An der nächster Woch zitt een Déif nom aneren duerch, stiermesch Entwécklunge si méiglech. Méi dozou hei.