De Wochenausbléck: De Reen léisst eis eng Zäit a Rou

An dëser Woch kënne mir a Saache Reen duerchootmen an och eis Sonn huet besser Chancen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Elo um fréie Méindemoie leie mir nach ënner liichtem Déifdrockafloss, lokal zitt nämlech nach déi eng oder aner Schauer duerch. Am Laf vum Dag iwwerhëlt dann ëmmer méi héije Loftdrock, deen sech gréisstendeels bis an de fréie Freidemëtten era sollt halen. Iwwerdeems gëtt de Gros vun der restlecher Déifdrockaktivitéit, déi ronderëm läit, vun eis fortgehalen.


D’Grousswiederlag fir dës Woch – opfalend ass, dass et däitlech manner soll reenen | Animatioun: wxcharts.com

Wat de Reen betrëfft kréie mir et elo also mat enger kuerzer Paus ze dinn.

De Verlaf

Haut um Méinde geet d’Schauerwarscheinlechkeet vum Nomëtten un zréck an d’Chancen op e puer sonneg Momenter klammen, d’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 14 a 16 Grad. Muer um Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, esoubal sech de Niwwel opgeléist huet. Dobäi ginn 14 bis 16 Grad ugepeilt. E Mëttwoch kéint et a Saache Buedem- an Héichniwwel e bësse méi schwiereg ginn, dass et am Dag manner gro gëtt – mee op alle Fall soll et mat den Temperature weider an d’Luucht goen. Berechent ginn 14 bis 17 Grad, eng 18 ass net ganz ausgeschloss.

Och en Donneschde gëtt de Reen keen Thema, Sonn a Wolleke wiessle sech of esoubal de Niwwel fort ass. Et ginn 12 bis 16 Grad erreecht. E Freide soll eis dann vum spéidere Nomëtten un erëm eng Kalfrotn erreechen, déi eis e bësse Reen bréngt. Ëmmer nach sollen tëscht 13 a 16 Grad gemooss ginn. Fir de Weekend selwer gi nach Maximalwäerter vun tëscht 6 an 10 Grad ugepeilt, fir d’Moies- an och Owesstonne gesinn eenzel Modeller d’Warscheinlechkeet vu Flacken. Dozou aweer an engem aneren Artikel méi.