Ausbléck: Temperatur-Achterbunn vun 18°C zréck an de Spéitwanter?

D’Temperature schwanken deemnächst méi markant. Virun allem, well fir de Weekend en uerdentleche Réckgang erwaart gëtt. Eenzelne Modeller no kann et nach eng Kéier zu Flacke kommen – mir maachen en Update!

Advertisement

Wéi kënnt et dozou?

Wann een d’Modellkaarten aus de leschten Deeg a Wochen esou gekuckt huet, dann huet e Comeback vu wanterlechem Wieder, bis op héchstens mol e bësse Nuetsfrascht, immens onwarscheinlech ausgesinn. Wéi an engem Update de Weekend gesot, sinn awer elo erëm Berechnungen dobäi, déi de Spéitwanter zu Lëtzebuerg gesinn. Mee wou kéim déi kill Loft elo op eemol hier?


D’Loftmassenzoufuer wärend dem Gros vun der Woch | Grafik: wxcharts.com

Fir de Gros vun der Woch baut sech fir d’éischt eng kleng Wiermtzoufuer op, déi sech aus héijem Loftdrock iwwer Europa selwer an déiwem Loftdrock iwwert dem nordëstlechen Atlantik zesummestellt. Op dësem Wee kënnt fir d’éischt mol d’Wiermt aus dem déiwe Süden a Südweste vun Europa op Lëtzebuerg eropgezunn. Besonnesch e Mëttwoch kënnen op dësem Wee 18 Grad net ausgeschloss ginn, wat also net wäit ewech vun den éischten 20 wier.

Ännerung an der zweeter Wochenhallschent

Vum Freiden u verlagert sech eist Héich méi wäit an de Süden an och Südosten – Déifdrockgebitter kënnen also erëm méi wäit a Richtung Lëtzebuerg ausgräifen. Vum Freiden op de Sonnde verlagert sech en Déif vu Skandinavien hier a Richtung Baltikum.


An dann kéint et de Weekend an och a gutt enger Woch änlech wéi dat hei kippen… | Grafik: wxcharts.com

Zur selwechter Zäit läit e grousst Héich matten iwwert dem Atlantik, wat mat dozou bäidréit, dass warscheinlech kill Loftmassen aus dem héije Norde kënnen erof op Lëtzebuerg gefloss kommen. De Nuetsfrascht wier eis dann sécher – mee eben eenzelne Modeller no och d’Warscheinlechkeet, dass et lokal nach eng Kéier zu Flacke kéint kommen.

Sollt dat alles esouwäit kommen, da wier dat op kee Fall e nohaltege Wanterabroch – mee et wier op alle Fall eng spéitwanterlech Entwécklung. Dës kann dann duerno erëm zimmlech warscheinlech erëm vun enger typescher Südweststréimung ënnerbrach ginn.

Mir halen d’Situatioun weider am Aen!