De Wochenausbléck: Héije Loftdrock, dann Optioun op wanterlecht Wieder

An dëser neier Wiederwoch kënnt no enger gefillter Éiwegkeet endlech mol eng Ofwiesslung an d’Spill. Fir d’éischt gëtt et méi dréchen duerch héije Loftdrock, duerno rechnen d’Modeller a Richtung Wanter.

D’Grousswiederlag

Haut a muer zitt en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus iwwer Mëtteleuropa bis an de Mëttelmierraum. Dat heescht, dass sech direkt hannendrun, also pénktlech fir e Mëttwoch, héije Loftdrock iwwert eis breetmécht. A Richtung Freide kéim dann lues a lues erëm déiwe Loftdrock duerch, iwwerdeems eisen Héichdrockafloss a Richtung Südeuropa verdrängt gëtt. Mat dësem déiwe Loftdrock géif sech eng fréiwanterlech kal Nordstréimung astellen, ënnert där esouguer den éischte Schnéi méiglech wier.


De viraussiichtleche Wocheverlaf | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Moment (20.11.2023 – 17:15 Auer) kënnt nach e méi groussflächegt Reegebitt aus Westen op eis duergezunn – ebe well mir nach ënner Déifdrockafloss leien. Muer um Dënschde si vill Wolleken ënnerwee, d’Unzuel u Schaueren hëllt awer däitlech of, plazeweis kéinte mir esouguer komplett dréchen doduerch. Besser sinn eis Chancen dofir e Mëttwoch an en Donneschden, do gëtt nämlech de Peak vum kuerzen Héichdrockafloss erreecht. Dat eenzegt, wat dem gudden a sonnege Wieder dann nach am Wee kéint stoen, ass de Niwwel. Dësen ass bei dësen Héichdrocklagen am Hierscht/Wanter dofir bekannt, sech heiansdo nëmme schwéier oder guer net opzeléisen. Op alle Fall soll et net reenen.

Vum Freiden u gëtt et spannend, well ëmmer méi Modeller mat den éischte Schnéisignaler rechnen. Dat läit un de kille bis polare Loftmassen, déi eis jo aus dem héije Norden zougespillt ginn. Op alle Fall gi vum Freidenomëtten un/am Laf vum Owend laut dem aktuelle Stand e puer Schnéischauere berechent. Och e Samsden an de Sonnden iwwer soll et ëmmer erëm mol zu Nidderschléi kommen, déi a Form vu Reen, Schnéireen a Schnéi erofkomme sollen (hänkt vun der Héicht of).

Temperaturméisseg beweege mir eis logescherweis dann och an de Keller. Muer um Dënschde gi 7 bis 9 Grad erreecht, e Mëttwoch wiere mir mat 3 bis 5 Grad dobäi. En Donneschden an de Freide géif et mat 4 bis 9 Grad erëm e klengen Tick méi waarm ginn, ier dann eben déi beschwat kill Loftmassen antreffen. Fir e Samsde ginn am Norden 1 bis 3 Grad berechent, an der Südhallschent wiere mir bei 3 bis 5 Grad ënnerwee. Fir e Sonnde géifen 2 bis 4 Grad fir de Norden an tëscht 3 a 5 Grad fir de Rescht vum Land ustoen. Sollt sech awer eenzeg an alleng d’Berechnung vum amerikanesche Modell duerchsetzen, da wiere mir de ganze Weekend iwwer bei tëscht 0 an 3 Grad ënnerwee.