De Wochenausbléck: No der Kalfront vun haut mécht sech erëm héije Loftdrock breet

D’Kalfront ass duerch, elo mécht sech erëm héije Loftdrock bei eis breet. Kucke mir also mol, wéi sech de Rescht vun der Woch soll entwéckelen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Kalfront, déi virun enger gudder Stonn iwwert eis ewechgezunn ass, hänkt un engem klengen Déif wat mat sengem Zentrum iwwert de Norde vun Dänemark a Richtung Ostséi zitt. Direkt hannendrun, also genee elo, mécht sech erëm héije Loftdrock iwwert eis breet. Dëse kënnt vum Atlantik a streckt sech bis op d’mannst Enn der Woch iwwert de Gros vum europäesche Kontinent. De Reen gëtt also definitiv erëm séier e manner grousst Thema.


Gutt ze erkennen ass d’Kalfront, a wéi sech duerno den héije Loftdrock iwwert eis breet mécht | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Elo wou d’Kalfront duerch ass, gëtt et vu Westen hier séier manner wollekeg an d’Sonn kënnt sech weisen. Muer um Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wolleken of, nodeems sech de Niwwel opgeléist huet. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 14 an 18 Grad. En Donneschden deet sech net all ze vill, just dréit de Niwwel zu enger gewësser Onsécherheet bei de Prognosen bäi. Léist e sech op, da gëtt et frëndlech. Wa net, da kéint den Dag e gudden Tick méi gro ausfalen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 14 an 18 Grad a wäersten e Freiden erëm un de 16 bis 19 Grad krazen. Vum Wieder selwer hier erwaart eis en änlechen Dag wéi en Donneschden.

Fir de Weekend soll et erëm däitlech méi waarm ginn. De Samsde sollen tëscht 19 an 22 Grad optrieden, de Sonnde wiere mir aus aktueller Siicht gesinn bei 22 bis 24 Grad ënnerwee. Dëst wier erëm vill ze héich fir d’JoreszàIt a sollt dëst antreffen, wier e neie Rekord a Saachen éischt Oktober-Dekad méiglech.