Den Ausbléck: Déifdrock probéiert et geschwënn erëm

Et geet virun mam mëttelfristegen Hin an Hier: no de puer schéinen Deeg déi mir de Moment hunn steet schonn ganz geschwënn erëm e Changement un.

Grousswiederlag

De Moment läit de Gros vun Europa ënner Héichdrockafloss – den déiwe Loftdrock läit méi wäit dobaussen um Atlantik. Et bleift elo mol nach frëndlech, mee dësen déiwe Loftdrock schläicht sech lues a lues an eis Géigenden a wäert schonn gläich och en Impakt op d’Wieder bei eis zu Lëtzebuerg hunn.


De Verlaf fir de Rescht vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Bis dohin, also de Mëttwoch inclus, hu mir et mat vill Sonn ze dinn. D’Temperature sinn am spéitsummerleche Beräich ënnerwee, tëscht 24 an 28 Grad sinn ze erwaarden. Vum Donneschden u komme méi kompakt Wolleken an d’Spill, d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer bleift fir den Ufank awer mol nach zimmlech kleng – obschonns e puer Ausnamen och um Dësch leien. D’Temperature klamme net méi grad esou wäit, d’Zoufuer vun de waarme Loftmasse gëtt gestéiert. Et si “just” nach tëscht 21 a 24 Grad ze erwaarden.

Signifikant méi Wolleke gesinn d’Modeller de Moment vum Freiden un. Um Freide selwer si vill Wolleken ënnerwee, d’Sonn soll sech net méi esou oft weise kommen. Mat dobäi kënnt dann och nach de Risk vu lokalen Donnerwieder, déi mol Staarkreen brénge kéinten, wa se dann optrieden. Dëst wieren awer, wéi gesot, keng flächendeckend Evenementer. Och um Samsde wiere vill Wolleken ënnerwee, dotëscht kéim d’Sonn awer ëmmer erëm luussen. Eng eenzel Schauer ass bei 18 bis 23 Grad net onméiglech. Fir de Sonnde gesäit et net vill anescht aus; et bleift zimmlech wollekeg an et kënne mol Schaueren oder eenzel Wiederen optrieden. Dat nach bei 16 bis 20 Grad.