Éischte Schnéi op ville Plazen: Bilan a wéi et an de nächsten Deeg virugeet

Nodeems et e Freide schonn plazeweis liicht wäiss gouf, war et haut fir vill aner Géigenden den éischte Schnéi. Mee wéi geet et elo weider? A wat kënnt nach erof bis de Weekend?

De Schnéi ass do

Op enger ganzer Rëtsch Plazen ass haut den éischte Schnéi vun der Saison erofkomm. Vergaangene Freide war et haaptsächlech op iwwer 400 Meter de Fall, haut awer och deels däitlech méi wäit erof. Fir de Norde ware vu Météo Boulaide tëscht 3,25 bis 7,75 cm virausgesot, an der Südhallschent 1,25 bis 3 cm. Wat ass erofkomm? Un der ASTA-Statioun zu Reiler louchen den Owend 7,3 cm Schnéi, wat zimmlech no un de virausgesote Wäert kënnt. Fir d’Südhallschent huele mir d’Statioun vum staatleche Wiederdéngscht als Referenz, op där de Moie géint 10 Auer 5 cm gemooss goufen – also méi, wéi ugeholl. Och wann et bis méi wäit erof geschneit huet, gouf et awer erëm Géigenden, déi den Owend méi oder manner eidel an d’Bett ginn. Dozou zielen d’Ëmgéigenden Stengefort, Käerch, Bartreng, Recken op der Mess, Beetebuerg, Réiser an d’Muselgéigend souwisou.

Et huet also net bis ganz erof geschneit, resp. et ass op de nidderegste Plaze net mol fir eng geréngfügeg Akkumuléierung duergaangen.

Wéi geet et virun?

D’Récksäit vum Déif, wat eis haut de Schnéi bruecht huet, erreecht eis muer de Moie fréi. Dat heescht, dass plazeweis mol nach déi eng oder aner Schnéischauer kann duerchzéien. Am Laf vum Dag verzitt sech de Gros vum Nidderschlag a mir gerode kuerzzäiteg ënner Héichdrockafloss.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Déi nächst Schnéischauere kënnen an der Nuecht op e Mëttwoch optrieden, déi vun engem Déifdrockgebitt ausginn, wat mat sengem Kär an de Nordweste vun Däitschland an Holland eranzitt. Vill ass do net dobäi, et kann awer mol dofir duergoen, dass et kuerz erëm bësse wäiss gëtt. De Risk vu glate Stroosse geet an d’Luucht.

En Dag, deen virun e puer Deeg schonn méi interessant berechent gouf, war den Donneschden. D’Modeller rechne mat enger Waarmfront, déi aus Frankräich hier iwwer Lëtzebuerg soll ewechzéien, iwwerdeems et bei eis um Buedem ëmmer nach zimmlech kill ass. De Nidderschlag géif also an enger éischter Phas als Schnéi erofkommen, ier en dann méi spéit kéint an Äisreen oder Schnéireen kéint iwwergoen. Et kann ee nach net wierklech an den Détail goen, well d’Modeller déi genee Positioun vum Déif ënnerschiddlech berechnen – an Dir wësst: och d’Wiederlag vun haut war vun der exakter Positioun vum Déifdrockkär ofhängeg.


Eng vun den Iddien fir en Donneschden laut amerikaneschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Um fréie Freidemoie si lokal Schnéischaueren ënnerwee, e Samsden an och e Sonnde kann dat ëmmer erëm virkommen. Fir de Sonndenowend besteet eng ganz kleng Warscheinlechkeet fir e gréissert Schnéigebitt.

Fazit:

Et schneit also nach heiansdo an dëser neier Wiederwoch. Sollt sech aus dem Donneschen oder dem Weekend awer näischt gréisseres méi erginn, da sollte keng weider nennenswäert Schnéiquantitéiten zesummekommen. Et bleift trotzdeem spannend, well d’Modellrechnungen de Moment zimmlech séier hin an hier sprangen. Météo Boulaide bleift fir Iech um Ball!