Épisode Méditerranéen: Am südleche Frankräich bis muer méi wéi 200 l/m² Reen ze erwaarden

Duerch eng sougenannt "Épisode Méditerranéen" si bis de Samsdemëtte méi wéi 200 l/m² Reen ze erwaarden. Betraff ass eng Sträif vum nërdleche Languedoc-Rousillion bis an d'Rhône-Alpes eran.

Modellkaarte mat méi wéi 200 l/m² Reen an Zäit vu 24 Stonnen

Fir Deeler am Südoste vu Frankräich stinn ongemittlech Stonnen un: duerch eng Épisode Méditerranéen sinn am Dräieck Toulouse, Lyon a Nice grouss Reequantitéiten ze erwaarden, an dat just an Zäit vu 24 Stonnen. Den héichopléisende franséische Modell AROME ass immens offensiv ënnerwee a berechent bis an de Samsden eran Quantitéite vu bis zu 230 l/m².


D’Berechnunge vum franséischen AROME | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Modell ICON gesäit fir déi selwecht Géigend an esouguer fir en Deel vun der äusserster südwestlecher Schwäiz Quantitéite vun tëscht 40 an 100 l/m². De meeschte Reen soll an der Groussregioun Langogne optrieden, dat mat bis zu 205 l/m².


D’Berechnunge vum däitschen ICON | Grafik: wxcharts.com

Och de franséischen ARPEGE ënnersträicht d’Gefor duerch eng immens naass Period, dat och erem an enger Sträif vu knapp nërdlech vu Montpellier bis bal erop op Lyon a vun do aus weider a Richtung Italien a Schwäiz. Bis ëm 180 l/m² gi bis an de Samsdenomëtten era berechent.


D’Berechnunge vum franséischen ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

Wéi et bei dësen Episoden esou üblech ass, ass mat Iwwerschwemmungen an och gréisserem Schued ze rechnen.