Erëm Griicheland: En Déifdrockgebitt bréngt quasi-stationäre Reen, >200 l/m² méiglech

A Griicheland ass déi lescht Katastroph nach net verdaut, mee de nächste grousse Reen ass um Wee. D’Modeller gesi plazeweis erëm méi wéi 200 l/m² erofkommen.

Advertisement

Griicheland-Katastroph nach net laang hier

Eréischt am Ufank vum September hat Griicheland et mat enger immens schlëmmer Katastroph duerch de ville Reen ze dinn, deemools hat et an Zäit vun e puer Stonne bis Deeg tëscht 400 an 1200 l/m² gereent – de Schued war onvirstellbar grouss an och elo no e puer Woche gesäit ee nach vill Spuren dovun. Leider ass genee elo amgaangen, en Déif a Richtung südëstlecht Mëttelmier erofzezéien. Et zitt nëmme lues virun a wäert leider erëm plazeweis fir vill Reen suergen.


D’Verdeelung vum Reen iwwert déi nächst Deeg | Animatioun: wxcharts.com

Modeller rechne lokal erëm mat méi wéi 200 l/m²

Dës Kéier soll d’Reen-Period, oder de Gros dovun, bis en Donneschden inclus unhalen. Déi lescht Kéier war jo schonn Mëttel-Griicheland betraff, dës Kéier erëm – mam Ënnerscheed, dass sech de Schwéierpunkt dës Kéier liicht méi wäit südlech soll ofspillen, also tëscht Larissa a Patra. Den europäeschen esouwéi och däitsche Modell gesinn e Maximum vu ronderëm 240 l/m² Reen, iwwerdeems sech d’Zomme soss op tëscht 100 an 200 l/m² sollte “beschränken”.

Keng gutt Norichten also fir all déi, déi amgaange sinn, hir Existenz erëm opzeriichten. Et kann een hoffen, dass et manner reene wäert wéi berechent.