Mëttelfrist: Markanten Hëtzt-Virstouss kéint Oktober-Rekorder un d’Wackele bréngen

De Moment mécht d’Noricht d’Ronn, geschwënn kéint et erëm 30 Grad waarm ginn. Wat ass do drun? A kéint et dann och zu neie Rekorder kommen?

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Woch iwwer hu mir héije Loftdrock iwwer Europa leien, iwwerdeems dobaussen um Atlantik gréisser Déifdrocksystemer aktiv sinn. Mir leien also ënnert enger südwestlecher Stréimung, wat heescht, dass eis waarm Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa erreechen. Schonn am Laf vun dëser Woch gëtt et no a no méi waarm, mee besonnesch fir de Sonnden/Méinden gesi verschidde Modeller potenziell Rekordtemperaturen op eis duerkommen.


De Verlaf vun der Temperatur-Anomalie op 1,5 Kilometer Héicht bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Den Oktober-Temperaturrekord

Huele mir mol un, d’Modeller géifen d’Temperaturen an de nächsten Deeg genee esou an hire Berechnunge loossen an de Peak vum Wiermt-Virstouss géif eis wierklech e Sonnden oder Méinden erreechen, da géife mir an den Oktober falen. Déi héchst jeemools gemoossen Oktober-Temperatur gouf et zu Lëtzebuerg (Referenzstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel) den 2. Oktober 2011 mat genee 26 Grad.

Fir den éischten Oktober ass den amerikanesche Modell, Stand aktuell, mat tëscht 23 a 27 Grad ënnerwee. Den europäesche Modell mécht keng gréisser Differenz a gesäit tëscht 23 a 25 Grad am Norden a bis zu 27 Grad laanscht den äusserste Süden a Südwesten. Och fir den 2. Oktober ginn d’Berechnunge net all ze wäit auserneen: den amerikanesche Modell rechent mat 22 bis 25 Grad, den europäesche mat 24 bis 27 Grad. Sollten dës Temperaturen tatsächlech erreecht ginn, kéime mir engem neien Allzäit-Oktoberrekord zimmlech no – wat och op eis Nopeschlänner zoutrëfft.

Mee nach heescht et ofwaarden. Wat elo mol fest steet ass, dass et am Laf vun der Woch, zwar zesumme mat e puer Schwankungen, no a no méi waarm gëtt. Muer um Dënschde si mir mat 20 bis 23 Grad ënnerwee, e Mëttwoch mat 20 bis 23 Grad, en Donneschde mat 18 bis 21 Grad, e Freide mat 18 bis 23 Grad an e Samsde mat 18 bis 21 Grad.