Et ass erëm Stäreschnäizen-Zäit: D’Draconiden erreechen an dëser Nuecht hire Maximum

Iwwert d’Joer verdeelt ginn et déi verschiddenst Meteorstréim. Elo steet erëm een un, nämlech deen vun den Draconiden. Wéi a wéini se ze gesi sinn, kläre mir elo hei.

Advertisement

En éischter manner opfällege Meteorstroum

D’Draconiden sinn all Joer tëscht dem 6. an dem 10. Oktober ze gesinn, dat well d’Äerd d’Stëbswollek vum Koméit 21P/Giacobini-Zinner duerchflitt. D’Partikelen, déi doduerch op d’Äerdatmosphär treffen, huele mir als Stäreschnäize wouer.

Fir se ze gesinn, muss een a Richtung Nordwest bis Nord-Nordwest kucken. Hire Radiant – also de Punkt um Himmel, vu wou d’Stäreschnäizen ze komme schéngen – läit am Draachen-Stärebild. E steet zimmlech héich am Himmel an et gesäit een se vun der Nordhallefkugel hier iwwerall. Soubal et däischter gëtt, lount sech e Bléck an den Himmel – virausgesat d’Wieder spillt mat.

Anescht wéi bei de Perseiden, wou deels bis zu 100 Stäreschnäizen d’Stonn iwwert den Himmel huschen, sinn et der hei grad emol 10 – dohier “éischter manner opfälleg”.

D’Wieder

Wéi ass et dann elo mam Wieder fir dës Nuecht? Et zéien e puer Wolleken duerch an et ass och mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Konditioune sinn also net grad perfekt, mee heiansdo sollt een awer mol e bëssen eppes vum Himmel gesinn.

Orioniden an de Startlächer

Fir déi bescht Chancen ze hunn, kuckt d’Stäreschnäizen op enger stackdäischterer Plaz, wäit ewech vun all méiglecher Liichtverschmotzung – am beschten also esou wäit ewech wéi méiglech vun Uertschaften.

De nächste Meteorstroum, dee säi Maximum erreecht, sinn d’Orioniden. Dëst geschitt an der Nuecht vum 21. op den 22. Oktober. Bis zu 20 Meteoren d’Stonn sinn dann méiglech ze gesinn.