Ët bleift spannend: No der Keelt vill méi waarem?

Mir hunn ët weiderhin mat enger ganz interessanter Wiederlaag ze dinn. Nach ass ët richtëg kaal bei eis, mee schon de Weekend kéint sëch daat änneren.

De Moment befanne mir eis nachëmmer ënnert dem Afloss vun den äiskaale Loftmassen. Bis elo ass ët, zum Gléck, nach nët grad esou kaal ginn, wéi ufanks virausgesoot. Dëst läit un der deels fehlender Inversioun, déi sougënannt “Kälteseen” entstoe léisst. Am Daag treffen d’Temperaturen awer sou an, wéi virun enger Woch scho virausgesoot.

Temperaturen an 850 hPa, also an enger Héicht vun 1,5 Kilometer um fréie Mëttwochmoien. Grafik: wetterzentrale.de

Den absoluten Temperaturminimum gëtt den aktuellste Modellrechnunge no an der Nuecht op de Mëttwoch/um fréie Mëttwochmoien ereecht. Am grousse ganzen wärten d’Temperaturen op Minimalwerter vun -10 bis -15 Grad zréckgoen. Kënnt ët zur Inversioun, da wieren op Plaatzen wéi Schëmpëch souguer ëm déi -20 Grad nët auszeschléissen. Wa keng entsteht, da ginn d’Werter och just op ëm déi -15 Grad zréck. Daat ganzt ass ë bëssen ze vergläiche mam sougënannte “Niwwellotto”. Niwwel ass immens schwierëg virauszesoen an ass och nët siele vun Inversiounslagen ofhängëg.

Ab der zweeter Wochenhalschend geet ët ë bësse biergop mat eisen Temperaturen, dobäi kënnt ët dann och rëm méi groussflächëg zu Nidderschléi. Vum Donnëschde bis de Samsden sinn aktuelle Simulatioune no Schnéi- Schnéireen, Reen an zäitweis Glëtz nët auszeschléissen. D’Temperature wärten zwëschen Minusgraden a liichte Plusgrade schwanken, soudass dës Ännerunge vun der Nidderschlagsform virkomme kënnen. Heecht also, dass ët streckeweis mol rëm glaat kéint ginn.

Grafik: wetterzentrale.de / editéiert vu Météo Boulaide

Vir déi Woch drop gesäit ët op den éichte Bléck virun allem no méi waarmen Temperaturen aus. Op waat een awer oppasse muss: De Moment sinn d’Modeller richtëg launësch, soudass mir eis ab elo am Glaskugelberäich befannen. Den aktuelle Laaf vum amerikanësche Wiedermodell GFS weist z.B eng drastësch Erwiermung an enger Héicht vun 1,5 km, soudass och um Buedem d’Temperature klamme géifen. D’Berechnunge gi wäit auserneen – während den ee Modell bis zu 10 Grad am Daag berechent, ginn ët anerer, déi awer just liicht iwwer 0 simuléieren. A vergiesst nët: Och am März kann ët nach vir wanterlëch Wiederlaagen duergoen – en ass also nach nët eriwwer.

Och um aktuellen Ensemble ass déi däitlëch Erwiermung ze erkennen, niewebäi awer och d’Onsëcherheet (Linnen, déi ausernee ginn).Grafik: meteociel.fr

Fazit: Demnächst gëtt ët wuel ë bësse méi waarem, mee ët sollt een ëmmer rëm mat gréissere Schwankungen zwësche kaalen a méi mëlle Wiederlaagen rechnen. Schnéi a Reen inclus.