Et geet an de Keller: Mat dësen Déifstwäerter ass ze rechnen

Schonn de Moie fréi louchen eis Temperaturen deels méi wäit am Keller. An de nächste Nuechte gëtt et nach en Tick méi spatz.

Déi kill Loftmasse sinn do

D’Loftmasse mat russeschem Uersprong hunn eist Land erreecht, dat mierke mir gutt. De Moie waren eis Temperature bei tëscht -6 a -1 Grad ënnerwee, de Moment (14:12 Auer) sinn et nach -5 bis -1 – et huet sech also net all ze vill geännert, an dat wäert et haut och net méi.

D’Modeller rechne fir déi nächst Nuechten awer nach däitlech méi niddereg Wäerter. Bis muer de Moien, Dënschden, ass mat Déifstwäerter vun tëscht -5 a -8 Grad ze rechnen. Punktuell begrenzt ass ënner Ëmstänn och eng -10 Grad oder drënner net ganz onméiglech. Am Dag klammen d’Wäerter op e Maximum vun tëscht -2 a 0 Grad.


D’Déifsttemperature fir d’Nuecht op en Dënschden | Grafik: wxcharts.com

An der Nuecht op e Mëttwoch geet et erëm op -4 bis -6 Grad erof, plazeweis kann et erëm den een oder anere Grad drënner goen. Och d’Nuecht op den Donneschde gëtt eng knackeg kill, d’Wäerter falen awer net méi grad esou wäit. A Richtung nächst Woch gëtt et erëm e bësse méi mëll, de Frascht gi mir awer esou séier net méi lass.