Griicheland-Update: Zanter gëschter schonn plazeweis 800 l/m² Reen, méi ass ënnerwee

D’Modeller hu sech definitiv net verrechent mat hiren extreme Berechnungen: Zanter dem Artikel vu gëschter huet et plazeweis schonn 800 l/m² gereent. Dat ass esou vill wéi bei eis an Zäit vun e bësse méi wéi engem Joer erofkënnt.

Titelbild-Hannergrond: wxcharts.com

Advertisement

Advertisement

D’Reenzommen bis ewell

  • 780 l/m² zu Zagora (634 l/m² zanter Mëtternuecht)
  • 545 l/m² zu Portaria (446 l/m² zanter Mëtternuecht)
  • 279 l/m² zu Volos
  • 196 l/m² zu Agia Larissa
  • 188 l/m² zu Pezoula

Dës Zommen mellt de griichesche Wiederdéngscht. D’Meldung ass schonn e puer Stonnen hier, wat also heescht, dass zanterdeems däitlech méi Reen dobäikomm ass.

D’Wiedermodeller rechnen deels nachemol >300 l/m²

Déi bis ewell gefalen Zommen sinn schonn enorm – zu Lëtzebuerg dauert et e bësse méi wéi ee Joer dofir. De Wiedermodeller no soll et sech awer esoubal net berouegen: Bis en Donneschden inclus ass ze erwaarden, dass am Groussraum Larissa nachemol tëscht 200 a 400 l/m² Reen sollen erofkommen. Eréischt duerno ginn d’Modeller mat hire Berechnungen a Richtung Berouegung.


D’Berechnunge vum ICON-Modell bis en Donneschden inclus | Grafik: wxcharts.com


D’Berechnunge vum WRF-Modell bis en Donneschdenmëtten | Grafik: keraunos.org

D’Ausmooss vun der Katastroph wäert leider eréischt richteg siichtbar ginn, esoubal d’Waasser sech erëm geluecht huet.