Haut virun engem Joer: 17,4°C zu Schengen, wäermste Silvester-Dag iwwerhaapt

Kënnt Dir Iech erënneren? D’lescht Joer u Silvester konnt een déi déck Jackett definitiv doheem am Schaf hänke loossen.

Advertisement

Advertisement

Wäermste Silvester-Dag zanter Opzeechnungsufank

Virun engem Joer war alles ganz anescht, op d’mannst mol wat d’Temperatur ugeet. Am Dag louchen d’Temperaturen duerch d’Land verdeelt tëscht 14 a knapp iwwer 17°C! Um Findel gouf den deemoolege Rekord vum wäermsten Dezember-Dag aus dem Joer 2019 ëm genee 1°C geknackt. 2019 waren et 14,7°C um 17. Dezember, d’lescht Joer waren et 15,7°C um 31. Dezember. Déi héchst Temperatur gouf mat 17,4°C zu Schengen gemooss – domat war et de wäermste Silvester-Dag & Dezember-Dag zanter Opzeechnungsufank.

Op ville Plaze louchen d’Temperaturen an der Silvesternuecht selwer bei iwwer 10°C, just un eenzelne Statioune ware mir bei 8 bis 9°C ënnerwee. Am wäermste war et zu Ettelbréck an um Pescatore an der Stad mat 12,1°C.

Déi deemoleg Grousswiederlag

Déi waarm Wiederlag vu virun engem Joer hate mir enger mëller Südweststréimung ze verdanken. Dës koum duerch staarken Déifdrockafloss iwwert der Nordséi an och de britteschen Inselen zustanen, iwwerdeems iwwert dem Mëttelmier an dem Balkan héije Loftdrock louch. Op 2 Meter Héicht, also do, wou d’Lofttemperatur der Norm no gemooss gëtt, konnt doduerch eng Anomalie vun ëm +10°C erreecht ginn.

Dëst Joer Silvester leie mir am Ufank och ënnert enger südwestlecher Stréimung, déi awer bei wäitem net esou waarm ass wéi déi vu virun engem Joer. An der Nuecht dréint d’Stréimung op West-Südwest, d’Loftmasse ginn dann nach en Tick méi kill. Méi iwwert d’Silvesterwieder 2023/2024 an engem separaten Artikel.