Hëtztwell iwwer Südeuropa & nei Allzäitrekorder a Südfrankräich: Wéini léisst d’Hëtzt no?

Et ass waarm um europäesche Kontinent, besonnesch awer iwwert de südlechen Deeler. Et ass eng markant Hëtztwell aktiv, déi beispillsweis a Frankräich an de leschte Stonnen an Deeg fir nei Allzäitrekorder gesuergt huet. D’Fro ass elo, wéini d’Temperaturen zréckginn. En Iwwerbléck.

Advertisement

Nei Rekorder a Frankräich

Wéi de franséische Wiederdéngscht Météo France mellt, si gëschter eng Partie nei Rekorder gemooss ginn. U verschiddene Statioune sinn awer och “just” déi al Rekorder erëm genee erreecht ginn. Folgend Oplëschtung ass just eng Auswiel aus e puer Statiounen, d’Donnéeë si vu gëschter 22. August 2023.

Allzäitrekorder:

  • ORANGE (mësst zanter 1952): 42,7°C. Ale Rekord: 42,6°C (12.08.2003)
  • ST-BARTHELEMY (mësst zanter 1961): 42,5°C. Ale Rekord: 41,3°C (13.08.2003)
  • DURBAN-COR (mësst zanter 1989): 42,5°C. Ale Rekord: 42,5°C (13.08.2003)
  • PUJAUT (mësst zanter 1991): 41,6°C. Ale Rekord: 41,1°C (28.06.2019)
  • BEDAIRIEUX (mësst zanter 1991): 40,7°C. Ale Rekord: 40,6°C (12.08.2003)
  • CHOMERAC (mësst zanter 1971): 40,7°C. Ale Rekord: 40,1°C (12.08.2003)

August-Rekorder:

  • CARDET (mësst zanter 1969): 42,6°C. Ale Rekord: 40,9°C (10.08.2003)
  • CARPENTRAS (mësst zanter 1963): 42,2°C. Ale Rekord: 41,9°C (12.08.2003)
  • GENERARGUES (mësst zanter 1949): 42,2°C. Ale Rekord: 42,1°C (12.08.2003)
  • ST-LAURENTPAPE (mësst zanter 1950): 42°C. Ale Rekord: 41°C (13.08.2023)
  • LE VIGAN (mësst zanter 1965): 42°C. Ale Rekord: 40,6°C (01.08.2020)
  • VIC LE FESQ (mësst zanter 1966): 41,1°C. Ale Rekord: 40,8°C (12.08.2003)
  • VILLEVIEILLE (mësst zanter 1970): 40,9°C. Ale Rekord: 40,9°C (12.08.2003)
  • CABRIERES D’AVIGNON (mësst zanter 1985): 40,2°C. Ale Rekord: 40,8°C (01.08.2020)

Source: Météo France

Grouss Hëtzt och a Spuenien & Portugal

Iwwerdeems et iwwer Frankräich däitlech ze waarm ass, wat een och un de ville neie Rekorder gesäit, ass et och am Südweste vun Europa immens waarm. A Spuenien ginn de Moment (wärend dësen Artikel geschriwwe gouf) Maximalwäerter vun tëscht 36 an 41 Grad gemooss. Zu de wäermste Géigenden zielen de Nordosten (Espolla de Moment mat 41,5 Grad) esouwéi awer och de Süden am Raum Sevilla, wou d’Statiounen aktuell 41,1 Grad moossen. De Nordwesten däerf awer och net ganz vergies ginn, zu Ourense sinn et de Momnet nämlech och genee 41 Grad.


D’Prognos aus dem GFS-Modell fir haut, 23. August 2023 fir Portugal & Spuenien | Grafik: wxcharts.com

Iwwer Spuenien a Portugal ass et haut also schonn e klengt Stéckche manner waarm wéi gëschter. En Dënschde sinn u ville Statiounen am Westen, Süden mee awer och Nordoste vu Spuenien 40 Grad iwwertraff ginn – dat mat lokal 43 Grad. Doduerch hat och d’Grenzgebitt zu Portugal immens héich Temperaturen ze vermellen, zu Aguas De Cabreiroa op der spuenescher Sait huet eng Statioun 42,7 Grad gemooss. Getoppt huet dat d’Statioun vun El Granado (Bocachanza), wou 43,7 Grad registréiert goufen.

Ënnert den zougängleche Statiounen a Portugal war et zu Castelo Branco mat 42,2 Grad am wäermsten, hannendru kënnt Viseu mat 41,1 Grad a Vila Real mat 40,8 Grad.

Wéini léisst d’Hëtzt no?

Heiheem gëtt et jo geschwënn manner waarm, trëfft dat dann elo och op Portugal, Spuenien a Frankräich zou? D’Déifdrockgebitt, wat fir eis zu Lëtzebuerg déi waarm Loftmasse verdrängt, wäert tatsächlech och en Afloss op déi méi südlech Géigenden an Europa hunn. Fir d’éischt gëtt et a Frankräich manner waarm an duerno och am Südweste vum Kontinent.

A Frankräich gëtt et muer nach eng Kéier esou richteg hëtzeg, ier d’Loftmasse wärend dem Freiden aus dem Land verdrängt ginn – dëst geet allerdings net ouni Donnerwieder iwwert d’Bühn. Och iwwert dem Norden a Nordoste vu Spuenien gëtt et schonn manner waarm, am äusserste Süde gëtt et am Verglach zu elo ëmmer nach kee gréisseren Ënnerscheed. Iwwer Portugal fänkt et awer schonn un méi kill ze ginn.


Et ass gutt ze gesinn, wéi sech d’Hëtzt no a no aus de betraffene Géigenden zréckzitt | Animatioun: wxcharts.com

E Samsde sinn a Richtung Mëttelmierküsten nach déi héchst Wäerter ze erwaarden, mee fir de Rescht huet et sech schonn gutt ofgekillt. E Sonnde geet et weider mam Temperaturréckgang, néierens méi gëtt et hëtzeg. A Nordspuenien klëmmt den Thermometer nach op ëm 25 Grad an der Spëtzt, soss awer ëm 20 Grad. A Südportugal si nach ëm 30 Grad dobäi, mee keng aussergewéinlech Hëtzt. Am Raum Sevilla a Spuenien sinn och nach knapp iwwer 30 Grad ze erwaarden, mee d’Hëtzt aus de leschten Deeg ass net méi ze spieren. Fir de Raum Murcia gëllt dat selwecht. Iwwert dem äusserste Norde vu Spuenien gëtt et Krämpes, fir iwwerhaapt nach op iwwer 20 Grad ze kommen.

A Frankräich ginn d’Temperaturen an der Nordhallschent op tëscht 17 an 23 Grad zréck, am Süden ginn et just nach e puer eenzel Flecken wou knapp 28 Grad kënnen erreecht ginn.