Kalifornien: Méi wéi 200 l/m² Reen an Zäit vun 12 Stonnen – an et geet virun

A Kalifornien, zumools am Raum Malibu, de Bierger vu Santa Monica an och de Beverly Hills, kënnt et de Moment zu immens kräftegem Reen. Duerch Äerdrëtsch besteet Liewensgefor.

Advertisement

De Pazifik bréngt vill Reen

Vu gëschter un treffen ëmmer erëm zolidd Nidderschléi vum Pazifik aus op Kalifornien. Wa mir eis de Groussraum vun den Agoura Hills, Beverly Hills a Santa Monica ukucken, da gesi mir, dass op ville Plazen schonn tëscht 100 an 250 l/m² Reen erofkomm sinn, an dat an Zäit vu just 12 Stonnen. Kee Wonner, dass ausdrécklech viru liewensgeféierlechen Äerdrëtsch gewarnt gëtt. Wéi d’Medien mellen, wieren 800.000 Persounen ouni Stroum.

Eng Entwarnung gëtt et nach net: D’Wiedermodeller rechne bis en Donneschdemoie mat weideren, deels kräftege Nidderschléi. Doduerch kënne sech dann nach eng Kéier tëscht 100 an 200 l/m² Reen akkumuléieren. Dëst gëllt fir de Groussraum Los Angeles, mee awer och méi wäit am Osten trëfft et de Raum ronderëwmt San Bernardino. Och erof bis op San Diego kann et bis knapp ëm 100 l/m² reenen.

Am Gebitt ronderemt Los Angeles kommen am Joer duerchschnëttlech 357 l/m² Reen vum Himmel – dat wat elo also erofkënnt ass uerdentlech. De Gros vum duerchschnëttleche Nidderschlag kënnt tendenziell wärend dem Wanter erof, iwwerdeems et am Summer net oft reent.