Klenge Wiederrisk an der Nuecht op de Sonnden

An der vergaangener Nuecht resp. haut de Moie fréi huet eis, wéi ugedeit gehat, eng Konvergenzzon passéiert, dat mat enger Partie Schaueren an och dem engen oder aneren Donnerwieder. Dëst kéint sech an dëser Nuecht widderhuelen.

Dës Kéier ass et awer keng Konvergenzzon déi eis passéiert, mee eng Kalfront. Hannert dëser Kalfront fléissen däitlech méi kill Loftmassen an, wouduerch et muer um Sonnde “just” nach 22 bis 28 Grad waarm gëtt.

Duerch dëse Kalfrontpassage kënne sech haaptsächlech am op der Kaart déck markéierte Beräich méi kräfteg Donnerwieder forméieren. Dobäi kënne Stuermstéiss (70 bis 90 km/h), Knëppelsteng (demno wéi bis 3 cm am Duerchmiesser) a Staarkreen net ausgeschloss ginn. De Reen kéint och méi laang unhalen, wouduerch et an dësem Gebitt och mol zu gréissere Reequantitéite vun ëm 40 l/m² a kuerzer Zäit komme kéint (ass awer just eng Ausnam, meeschtens si max. 25 l/m²/h ze erwaarden).

Lëtzebuerg läit méi wäit westlech am gestréchelte Beräich. An do hu mir et mat enger Schwieregkeet ze dinn: e puer Modeller no solle sech géint Mëtternuecht, genee wann d’Kalfront iwwer Lëtzebuerg läit, Schaueren a Wiederen iwwert eise Käpp forméieren an da séier an Däitschland eriwwer zéie, wou se sech verstäerke sollen an an dat anert agezeechent Gebitt zéien. Aner Modeller gesinn awer, dass d’Entwécklunge réischt ugoe solle, wann d’Front schon a Richtung Osten aus dem Land erauszitt – wat also d’Konsequenz hätt, dass mir nawell ouni Reen duerch d’Nuecht komme kéinten.

Kënnt et bei eis zu Entwécklungen, da sinn dës nëmme punktuell méi kräfteg. Meeschtens sollt sech näischt warnrelevantes ofspillen. Just bei de potenziell méigleche méi staarken Zellen, déi wéi gesot eng Ausnam sinn, si mol ëm 25 l/m² a kuerzer Zäit méiglech, genee wéi och Stuermstéiss bis ëm 80 km/h oder och Knëppelsteng. Tendenziell sollen déi kräftegst Zellen awer méi wäit ëstlech vun eis entstoen… mee mol kucken.

Op dëser Kaart hunn ech Iech och déi ongeféier Auerzäiten agedroen wéini d’Front an hir Nidderschléi wou sinn/wéini wou méi kräfteg Wiedere méiglech sinn. Lëtzebuerg ass per “Lux.” agezeechent (fir d’Orientéierung).