Kuerzzäitegen Dauerfrascht: Den Temperaturverlaf fir déi nächst Deeg

Mir kréien zwar net déi selwecht Keelt wéi a Schweden oder Norwegen, mee den Uersprong ass de selwechten. Fir eng kuerz Zäit ass esouguer Dauerfrascht méiglech – de Wanter ass zréck!

Kal Loft mat selwechtem Uersprong

Déi kill Loftmassen, déi mir an de nächsten Deeg spieren, hunn tatsächlech en Zesummenhang mat den Temperaturen, déi de Moment an de skandinavesche Länner gemooss ginn. Se kommen duerch déiwe Loftdrock um relevanten Deel vum Nordpolarkrees, en Héich iwwert de britteschen Inselen, Skandinavien & Baltikum an och déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum zustanen. Kee Wonner also, dass och mir zu Lëtzebuerg e bëssen eppes vun där Keelt ofkréien, och wann d’Temperature bei eis ëm Welten net esou déif wäerte falen.


Op dëser Animatioun erkennt ee gutt, vu wou déi kal Loftmasse kommen | Animatioun: wxcharts.com

Zumools e Méinden sollten eis déi killst Loftmassen erreechen. D’Héich konzentréiert sech dann mat sengem Kär op e Beräich tëscht de britteschen Inselen & Skandinavien, iwwerdeems mir ëmmer nach en Déifdrockgebitt iwwert dem südlechen Italien leien hunn. Well Héichdrockgebitter mat der Auer dréinen an Déifdrockgebitter dogéint, gerode mir ganz genee ënnert d’Zoufuer vun de fraschtege Loftmassen.

Den Temperaturverlaf

Mir haten eis d’Temperaturen a vergaangenen Artikele schonn mol ugkuckt, mee et gëtt schonn erëm Zäit fir en Update.

An dëser Nuecht, also an där op e Sonnden, ginn d’Wäerter op tëscht -1 an 2 Grad zréck. Duerch Nätzt déi fréiert kann et punktuell mol glat ginn, zumools am äusserste Nordweste vum Land. Muer um Sonnde selwer gi “just” nach 0 bis 4 Grad erreecht.

Esou richteg kréie mir d’Keelt an der Nuecht op e Méinden, resp. um Méindemoien ze spieren. Tëscht -6 a -3 Grad sinn ze erwaarde, punktuell ass och eppes drënner méiglech. Am Dag si mir bei -4 bis -2 Grad ënnerwee, mir hunn et also mat Dauerfrascht ze dinn. An der Nuecht op en Dënschden geet et op -5 bis -7 Grad zréck, plazeweis erëm däitlech drënner. Ënner Ëmstänn kann et och mol fir -10 Grad duergoen.

Fir en Dënschde gesinn d’Modeller Maximaltemperature vun tëscht -2 a 0 Grad, d’Nuecht op e Mëttwoch gëtt änlech wéi déi virdrun. Um Mëttwoch selwer erreeche mir am Südoste vum Land warscheinlech erëm de positive Beräich, iwwerdeems et am Westen an och am Norden kéint am Minus bleiwen.

Fir de Rescht vun der Woch sollen am Dag tëscht 3 a 7 Grad erreecht ginn, an de Nuechte kann et awer mol nach gutt fraschteg ginn. Well et awer nach eng Zäit bis dohin ass, sinn dës Wäerter nach net definitiv.