Laangzäitmodeller: Update vum Wanterausbléck 2023/2024

Mir kucke, wat sech zanter dem Oktober an de Laangzäitberechnunge fir dëse Wanter verännert huet. Wat ee scho mol ka soen: et soll en Tick manner mëll ginn wéi ufanks ugeholl. Sinn dat gutt Viraussetzunge fir Schnéi?

Advertisement

Advertisement

Virwuert

Wéi ëmmer heescht et, dass et sech bei Laangzäitberechnunge net ëm Wiederprognosen handelt. Et ass einfach eng Schätzung vun de Modeller, wéi d’Wieder fir den ausgesichten Zäitpunkt vum Duerchschnëtt hier ausfale kéint. Et geet drëm, en allgemengen Trend ausfanneg ze maachen.

Dësen Artikel ass d’Fortsetzung vum éischte Laangzäitbléck op de Wanter, deen mir de 15. Oktober schonn gemaach haten. Zanterdeems huet sech e bëssen eppes gedoen.

Dezember 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

De Prinzip bleift de selwechten. Wéi am éischte Wanterausbléck gi mir elo déi eenzel Méint duerch a kucke, wéi sech d’Berechnunge verännert hunn. Als Basis musse mir awer nach eng Kéier iwwert déi statistesch Normalwäerter schwätzen, déi an den eenzelne Méint gemooss ginn. Wat den Dezember betrëfft, läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 2,3 Grad, woubäi an der Moyenne 89,5 l/m² Nidderschléi erofkommen.

De neiste Berechnunge vum amerikanesche Laangzäitmodell no soll de Rescht vum Dezember 2023 mat enger Temperaturanomalie vu 0,5°C ausfalen, woubäi et mat 12 bis 18 l/m² e klengen Tick méi soll reenen/schneien wéi normalerweis.

Fir ze vergläichen: D’Berechnungen am éischten Update haten eng Temperaturanomalie vun 1°C opzeweisen, iwwerdeems et normal naass bis liicht ze dréche sollt ginn.

Wat seet den europäesche Modell? Dësem no soll de Rescht vum Dezember mat duerchschnëttlechen Temperature virugoen, wann awer och liicht ze naass. Et gëtt eng Anomalie vun 10 bis bal 20 l/m² berechent, wat zimmlech no un dat kënnt, wat déi nei Berechnungen vum amerikanesche Modell weisen.

Am éischten Update am Oktober hat den europäesche Laangzäitmodell nach eng däitlech Temperaturanomalie gewisen, d’Nidderschléi goufen awer als duerchschnëttlech ageschat.

Januar 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

A viru geet et mam Januar 2024! An dësem läit d’Duerchschnëttstemperatur bei 1,4°C, dobäi reent/schneit et 71,5 l/m².

Den amerikanesche Laangzäitmodell gesäit weiderhin eng Temperaturanomalie vu +1°C op eis duerkommen, dat bei enger Nidderschlagsanomalie vun 18 bis 25 l/m².

Wa mir dëst elo mat de Berechnungen aus dem Oktober vergläiche, komme mir op de Fazit, dass sech un der Temperaturanomalie näischt geännert huet. E soll just nach en Tick méi naass ausfalen, wéi virdru geschat.

Den europäesche Laangzäitmodell gesäit e Mount op eis duerkommen, deen 0,5°C ze waarm ausfällt. Nidderschlagsméisseg gëtt en Iwwerschoss vun 20 l/m² berechent, wat schonn erëm an engem änleche Beräich vun dem läit, wat den amerikanesche Modell schätzt.

Mam Oktober verglach, gouf d’Temperaturanomalie erofgerechent, genee wéi och d’Nidderschlagsanomalie. Mir hunn eis also erëm liicht méi a Richtung normal beweegt.

Februar 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

An da si mir schonn beim leschte meteorologesche Wantermount ukomm, dem Februar. An dësem ginn zu Lëtzebuerg duerchschnëttlech 2,2°C gemooss, woubäi et 59,5 l/m² reent.

Den amerikanesche Laangzäitmodell schätzt, dass et ëm 0,5°C ze waarm soll ginn. Reentechnesch soll et normal vill bis liicht ze naass ginn, dat mat engem Plus vu 6 l/m².

Gi mir erëm kucke, wat den Oktober sot: Deemools gouf eng Temperaturanomalie vu +1°C berechent, dat bei enger gerénger positiver Nidderschlagsanomalie. D’Temperature goufen also erëm erofgerechent, woubäi d’Berechnunge fir de Reen d’selwecht bliwwe sinn.

Den europäesche Laangzäitmodell rechent eng Temperaturanomalie vu 0,25°C, dobäi soll normal vill Nidderschlag vum Himmel kommen.

Am Oktober goufen nach 1,5°C ze vill berechent, iwwerdeems et och hätt sollen ëm 10 l/m² méi reene wéi normal. Am neisten Update sinn d’Temperaturen awer weider erofgeschrauft ginn an och d’Nidderschléi goufe weider normaliséiert.

De Fazit:

Mir mierken, dass am grousse Ganzen zwar nach haaptsächlech positiv Anomalien berechent ginn, mee net méi esou héich. Se goufen zréckgerechent.

Tendenziell kann een dovun ausgoen, dass de Wanter 2023/2024 en Tick ze waarm a virun allem ze naass kéint ausfalen. Dës Aussoe kënnen och nëmme begrenzt eng Iddi driwwer ginn, wéi vill Schnéi mir dëse Wanter nach ze erwaarden hunn. Mir schwätze jo vun Duerschnëttswäerter – dotëscht kann et, trotz duerchschnëttlech ze héijen Temperaturen, trotzdeem phaseweis wanterlech kill ginn mat dem engen oder aneren Zentimeter Schnéi. Hei ass et wichteg, den Ënnerscheed tëscht Klima a Météo ze verstoen.

Mat dem gesot gesäit et awer zimmlech onwarscheinlech aus, dass mir et mat ganz laangem a nohaltegem Wanterwieder ze di kréien. Et ass änlech wéi an de leschte Joren, wou no enger Zäit ëmmer erëm en Déif aus Westen eragezu kënnt, wat dei wanterlech Loftmassen erëm fir eng Zäitchen verdrängt.