Loftmassegrenz: De frësche Modell-Check fir e Mëttwoch

Fir iwwer Schnéihéichten ze schwätzen ass et vill ze fréi. Fir d’éischt muss gekuckt ginn, wéi genee eis d’Loftmassegrenz iwwerhaapt beaflosst. Nieft Schnéi besteet nämlech och de Risk vu geféierlechem Glëtz.

Keng liicht Prognos fir e Mëttwoch

Schonn e puer Deeg laang schreiwen ech Iech hei iwwert déi neist Entwécklunge fir e Mëttwoch. Net, well eis eng immens hefteg Onwiederlag usteet, mee einfach, well et eng spannend Geschicht gëtt – e gudde Koup Schnéi, Reen, oder awer och geféierlechen Äisreen? Dës Fro hoffe mir ze beäntferten ier et esouwäit ass – an da kann een eréischt méi genee op déi potenziell Schnéihéichten agoen, falls dann nach relevant.

Mir wäerten awer och schonn um Sonnden a virun allem e Méinden e puer Schnéischauere gesinn. Dozou gouf et hei en Artikel.

Déi momentan Usiichte vun de Wiedermodeller

An de leschte Stonnen an Deeg hunn d’Modeller ëmmer erëm och méi markant Quantitéite gewisen, deels waren och mol iwwer 30 cm dobäi. An dann ginn et och nach aner Berechnungen, déi de Schnéi wäit nërdlech oder wäit südlech vun eisem Land gesi laanschtzéien. All neie Modell-Laf gëtt de Moment mat groussem Interessi matverfollegt – virun allem wann een de Schnéi immens gären huet.


De viraussiichtleche Verlaf vum Mëttwoch laut ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell hat viru gutt 24 Stonnen méi wéi 20 cm Schnéi um Schierm, an Tëschenzäit soll de Gros vum Schnéi, deen mat der Loftmassegrenz zesummenhänkt, awer knapp südlech u Lëtzebuerg laanschtzéien. Nëmmen e klengen Deel dovu kéim ëmmer nach als Schnéi bei eis erof.


De viraussiichtleche Verlaf vum Mëttwoch laut GFS | Animatioun: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell no schneit et um fréie Mëttwochmoien, ier dann alles a Reen iwwergeet – och Glëtz ass net ausgeschloss. De Schnéifall soll sech op den Dräilännereck Belsch, Holland an Däitschland konzentréieren, iwwerdeems mir net all ze vill dovu matkriiten. Eréischt vun der Nuecht op den Donneschden u kéime mir erëm op eng méi naass Säit, déi aus dem Reen erëm Schnéi géif maachen. Duerch dëse stännege Wiessel besteet och, wéi gesot, de Risk vu Glëtz. Et muss also net onbedingt schneie fir dass et immens glat gëtt.


De viraussiichtleche Verlaf vum Mëttwoch laut ICON-EU | Animatioun: wxcharts.com

Änlech gesäit et den däitschen ICON: Um fréie Mëttwochmoie soll et mat Schnéi ugoen, fir d’Mëttesstonn géif erëm alles als Reen erofkommen. Dëse kann och méi kräfteg ausfalen. A Richtung Donneschdemoie géife mir erëm op déi méi kill Säit geroden, duerch déi de Reen erëm a Schnéi iwwergeet. Och Glëtz ka mat dobäi sinn.


De viraussiichtleche Verlaf vum Mëttwoch laut ARPEGE | Animatioun: wxcharts.com

Anescht gesäit et de franséischen ARPEGE: Dësem no dauert et bis bal Mëttes, dass et ufänkt mat schneien. Duerno soll et bis an den Donneschden eran mat staarkem Schnéifall bei eis virugoen, ouni dass mir et kuerz mat anere Nidderschlagsformen ze di kriten. Dëst wier definitiv de Best Case fir d’Wanterfrënn.

De Fazit

Aus meteorologescher Siicht gesinn ass et also immens interessant, wat eis do e Mëttwoch opgedëscht gëtt – also generell iwwer Mëtteleuropa. Op d’Positioun vun der Loftmassegrenz bezunn maachen duerno e puer 100 Kilometer den Ënnerscheed aus, ob mir et mat méi Glëtz, méi Schnéi oder méi Reen ze di kréien. D’Mëschung u sech léisst awer elo schonn dorop schléissen, dass definitiv e gréissere Risk vun (immens) glate Stroosse besteet.