Franséisch Insel Réunion: Massiven Zyklon BELAL trëfft muer de Moien u Land

Ëstlech vu Madagaskar läit déi franséisch Insel Réunion. Muer de Moie gëtt se vum zolitten Zyklon BELAL getraff. Wandspëtzte bis ëm 200 km/h an iwwer 500 l/m² Reen sinn ze erwaarden.

Den Zyklon trëfft d’Insel quasi genee

De Moment läit den ZYKLON knapp ëstlech vu Madagaskar. Nach beweegt e sech a südlech Richtungen, wäert awer an de nächste Stonenn a Richtung Osten ofdréinen. Duerch dës Beweegung geréit déi franséisch Insel Réunion leider voll an de Fokus. Et ass domat ze rechnen, dass d’Aen vum Stuerm entweder direkt iwwert d’Insel ewechzitt oder se nëmme knapp verfeelt. Egal wéi et kënnt, d’Insel gëtt vum massive Stuermfeld erwëscht. Och de Reen spillt eng grouss Roll.


Lues a lues schert de Stuerm a Richtung Osten aus, riicht op d’Insel Réunion duer | Animatioun: tropicaltidbits.com

Vum Méindemoien un, esou tëscht 4 a 7 Auer, soll den Haaptdeel vum Stuermfeld esou lues d’Insel erreechen. Bis an den Dënschdenomëtten eran ass mat immens turbulente Konditiounen ze rechnen, ier sech de Wand erëm leet. Wärend dem Passage gëtt mat Wandspëtzten vun tëscht 150 an 200 km/h gerechent. Doriwwer eruas kënnen an der selwecher Zäitspaan verschiddene Modeller no iwwer 300 oder 500 l/m² Reen erofkommen. Dëst mécht d’Situatioun nach vill méi uerg.

Météo France huet fir de Moment eng Alerte Orange verëffentlecht, maachen am spéidere Nomëtten awer eng Alerte Rouge draus.